Du bass kreativ, ma däin Talent ass awer net onbedéngt d'Sangen? Da siche mir dech oder besser gesot deng Kreatioun!

Dësen Appell riicht sech nämlech un d'Kënschtler dobaussen. Dir sidd opgeruff, Är Visioun fir en Trophée ze proposéieren, deen de Gewënner vum Luxembourg Song Contest op der Bün iwwerreecht kritt. Et geet drëm, en originaalt a kreatiivt Wierk ze proposéieren, dat den LSC identifizéiert.

Konditiounen

Den Appell riicht sech u Kënschtler, déi Lëtzebuerger sinn, zu Lëtzebuerg wunnen oder hei an der Kulturzeen verankert sinn.

Sämtlech Kandidature kënne bis den 1. Dezember eragereecht ginn an Är Kreativitéit gëtt och belount. Dem Gewënner wénken 4.500 Euro.

De Luxembourg Song Contest ass de 25. Januar 2025 an der Rockhal um Belval. De Gewënner vun deem Owend representéiert Lëtzebuerg bei der grousser Eurovision-Finall vum 13. bis de 17. Mee zu Basel an der Schwäiz.