De 27. Januar 2024 ass d'Liveshow, an där de finale Kandidat oder Kandidatin designéiert gëtt a Lëtzebuerg dann a Schweden um Eurovison Song Contest soll vertrieden.

Wien net wëll bis Malmö waarden, dee ka sech zanter e Méindeg seng Tickete fir de Luxembourg Song Contest um Site vun der Rockhal sécheren. D'Präisser leie vu 40 Euro den Ticket (ouni Fraisen) un a mir leeë jidderengem un d'Häerz, net ze laang ze waarden, den Event versprécht séier ausverkaaft ze sinn.

Lass geet et um 20 Auer samschdes de 27. Januar. D'Diere ginn um 19 Auer op.

Wat erwaart de Public

Et ass en Event, wéi et en hei am Land nach net gouf. Gesicht gëtt dat bescht Gesangstalent vu Lëtzebuerg. Gebuede kréie si eng eemoleg Geleeënheet, op enger eenzegaarteger Bün virun engem grousse Public ze stoen.

De 27. Januar ass also net just einfach en Datum am kulturelle Kalenner, ma e wesentleche Meilesteen fir d'Lëtzebuerger Presenz an der globaler Musekszeen. An der Liveshow kritt Dir e liewege Mix aus verschiddene Museksstiler gebueden, déi d'Villfältegkeet vun der Museksindustrie hei am Land erëmspigelt, sou dass se alle Museksbegeeschterte gerecht gëtt.

Méi wéi nëmme Musek

De Public erwaart e spektakuläert Bünebild souwéi eng performant Liicht- an Tountechnik. A fir eng breet Visibilitéit z'erreechen, gëtt den Event live op alle Plattformen, Radio, Tëlee wéi och digital, iwwerdroen. Op RTL.lu gëtt et e Livestream mat Originaltoun aus der Rockhal, op eise Sitten RTL Today an RTL Infos kommentéiert an de jeeweilege Sproochen. Dat Ganzt ass wéi gewinnt dono nach op RTL Play am Replay ze fannen.

De Gewënner vum Luxembourg Song Contest wäert am Mee 2024 bei der 68. Editioun vum Eurovision Song Contest optrieden an de Grand-Duché vertrieden.

Auswielkrittären

Eng international Jury huet decidéiert, wat déi beschte Kombinatioune vu Song an Artist waren, déi si op den Auditions gesinn an héieren hunn. Dovu sinn dann déi aacht Bescht weiderkomm.

Beim Voting vum Luxembourg Song Contest ziele 50 Prozent vun de Stëmme vum Public an 50 Prozent déi vum Jury.

RTL

Eis aacht Finaliste sinn:

  • de Joel Marques, 26 Joer
  • d'Naomi Ayé, 15 Joer
  • den EDSUN, 33 Joer
  • d'Krick, 26 Joer
  • d'Band One Last Time
  • d'TALI, 23 Joer
  • den Duo Angy & Rafa Ela, 39 a 26 Joer
  • an den CHAiLD, 25 Joer

D'Lidder mat deenen se untrieden, ginn Ufank Januar publizéiert.

All eenzele vun hinne bréngt säin eegenen, eenzegaartege Stil a Sound mat op d'Bün. Dësen Event versprécht deemno en ofwiesslungsräiche Concert ze ginn.

D'Detailer vun eise Finaliste kënnt Dir nach emol HEI noliesen.