Presented by
LuxConnect
Voyages Flammang
Supported by
Dessange
Camille Albane
ByTun
Machado Johny
Galeries Lafayette
"Et ass vraiment crazy"

D'Eva Marija gewënnt de Luxembourg Song Contest
RTL Lëtzebuerg

Et ass decidéiert: Mat enger emotionaler Performance gewënnt d'Eva Marija de Luxembourg Song Contest 2026 a séchert sech domadder den Ticket fir de Eurovision Song Contest zu Wien.
LSC 2026 - D'Eva Marija ass déi grouss Gewënnerin
Mat 222 Stëmmen huet d’Eva gewonnen, dat virum Steve Castile an dem Irem.

Et war nees e grousse Spektakel an zum Schluss stoung eng Artistin ganz uewen: Mam Lidd “Mother Nature” gewënnt d’Eva Marija, déi jéngste Kandidatin, déi drëtten Editioun vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal a wäert domadder de Grand-Duché beim Eurovision Song Contest zu Wien vertrieden.

LSC 2026 - Eva Marija mat "Mother Nature"
De 7. Act ass duerch.

“Et ass vraiment crazy”, sou déi 20 Joer al Eva Marija direkt nodeems d’Decisioun annoncéiert gouf. Vill méi Wieder krut si fir d’éischt net eraus, mee glécklecherweis ware genuch Leit ronderëm, fir direkt ze gratuléieren – dorënner och d’Laura Thorn, d’Gewënnerin vun zejoert.

“Ech si sou stolz dëst Land däerfen ze vertrieden”, sot d’Eva Marija an hirem éischten Interview no der Show. “All Kéier wéi d’Jury 12 Punkten annoncéiert huet, hunn ech gespuert, wéi meng Hänn nach méi geziddert hunn.”

LSC 2026 - Interview mam Eva Marija
Live am Magazin Spezial

Aacht komplett ënnerschiddlech Kandidatinnen a Kandidate mat komplett ënnerschiddleche Lidder stoungen um Samschdeg op der Bün an hunn alles ginn. No der éischter Ronn vum Vott hunn d’Jury, d’Leit Doheem an d’Publikum an der Rockhal zwou Sängerinnen an ee Sänger zeréckbehalen.

D’Irem, d’Eva Marija an de Steve Castile haten d’Nues vir a koumen an déi sougenannte “Super Final”. Nodeems d’Leit dunn eng leschte Kéier hir Stëmmen ofginn hunn, stoung d’Gewënnerin vum Owend fest.

Um Enn war et d’Eva Marija, wat de Vott mat 222 Punkte fir sech decidéiere konnt, dat virum Steve Castille mat 136 an dem Irem mat 122 Punkten. Domadder steet net just d’Gewënnerin vun der drëtter Editioun vum Luxembourg Song Contest fest, mee och, wien am Mee fir de Grand-Duché op de Eurovision Song Contest zu Wien fiert.

Fir d’Eva Marija wäert dëst e ganz spezielle Moment ginn: Net nëmmen däerf hat fir Lëtzebuerg optrieden, mee hat wäert och d’Bün deele mat deem Artist, deen hat vu kleng un inspiréiert huet: den Alexander Rybak, deen 2009 den ESC fir Norwege gewonn huet, an dëst Joer nees mat dobäi wäert sinn.

Den LSC um Radio

De Chris Meisch war och live dobäi an huet fir de Luxembourg Song Contest fir de Radio hautno materlieft.

No engem Owend voller Spannung an Emotiounen steet fest: d‘Eva Marija ass d‘Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest 2026

D’Eva Marija am Portrait virum LSC

D'Eva Marija an de Steve Castile am Portrait
Aacht Kandidaten hu sech dëst Joer am Casting duerchgesat an trieden Enn Januar beim Luxembourg Song Contest un – an zwee dovunner léiere mir elo kennen.

Den Dag no der Finall: E kuerze Bléck zeréck op de groussen Owend an der Rockhal

Déi grouss LSC-Finall 2026 an d'Reaktiounen am Resumé
E Samschdeg den Owend huet sech decidéiert, wie Lëtzebuerg beim ESC zu Wien wäert vertrieden. D’Eva Marija konnt sech géint hir 7 Konkurrenten duerchsetzen.


Back to Top
televie-logo