Presented by
LuxConnect
Voyages Flammang
Supported by
Dessange
Camille Albane
ByTun
Machado Johny
Galeries Lafayette
Luxembourg Song Contest

Esou kann ee fir säi Favorit an der Finall voten
Sandy Schmit

E Samschdeg ass déi grouss LSC-Show an der Rockhal, an där sech decidéiert, wien de Gewënner vun der nationaler Virentscheedung wäert ginn.
© RTL Grafik

De Gewënner vun der grousser Finall dëse Samschdeg representéiert eist Land am Mee op der 70. Editioun vum Eurovision Song Contest. Do virdru muss natierlech gewielt ginn.

Virop, jiddereen iwwer 14 Joer dierf mat ofstëmmen, an dat aus dem In- wéi och aus dem Ausland. Eng Stëmm, respektiv, e Vott kascht 0,99 Euro. Dofir muss een am Besëtz vun enger valabeler Kreditkaart sinn. Pro Paiement kann een an all Ronn maximal 20 Stëmmen ofginn. Et kann een entweder sengem Favorit all seng Stëmme ginn, oder se op déi verschidde Lidder opdeelen.

Beim LSC-Voting komme 50 Prozent vun engem Jury, déi aner 50 Prozent vum Public. De Jury ass aus 8 internationalen Experten zesummegesat. Hire Vott mécht d’Hallschent vun der Gesamtwäertung aus. De Public ass fir déi aner Hallschent vun der Gesamtwäertung zoustänneg. Béid Resultater ginn zesummegerechent an dat Lidd, dat dann déi meeschte Punkte kritt huet, gewënnt de gëllenen Ticket fir op Wien.

Voting-Reegelen

Ronn 1: No der leschter Performance kann ee wärend 20 Minutte seng Stëmm ofginn. Doraus ginn dann déi dräi bescht Kandidaten ervir.
Ronn 2: Nodeems d’Topp 3 annoncéiert goufen, kann een nach emol wärend 20 Minutten voten.

Klickt hei, fir Ären Ticket ze kafen

Back to Top
televie-logo