
Elo ass et deemno un der Zäit, sech déi jeeweileg aacht Lidder vun den LSC-Finalisten unzelauschteren. Dee Kandidat respektiv dat Lidd, dat sech de 24. Januar duerchsetzt, representéiert eist Land dann den 12. oder 14. Mee 2026 zu Wien um Eurovision Song Contest, wann déi zwou ESC-Halleffinalle sinn.
E Mëttwoch kann een all d’Lidder vun exklusiv op eise Plattforme - RTL.lu, RTL Today an RTL Infos - lauschteren. Vun e Freideg u fënnt een d’Lidder souwéi d’Lyrics an der “LSC 2026"-Playlist op den offizielle Plattformen, notamment Spotify, Deezer, Amazon Music an Apple Music.
All d’Stécker stamen aus der Fieder vun de Kandidate selwer a sinn Zesummenaarbecht mat internationalen Auteuren. Dobäi ass nach unzemierken, dass sechs Lidder am Songwriting Camp vum Rocklab an der Rockhal am Juni entstane sinn. Am Ganze ware 50 Songwriter, Komponisten, Produzenten a Performer mat do dobäi.
Am Hibléck op d’Sprooch setzt de Grand-Duché och nees op seng multilingual Traditioun. Deemno ginn et zwee Lidder op franséisch, déi aner op englesch, ma et ginn natierlech op e puer Aflëss mat anere Sproochen, déi mat afléissen an de jeeweilege Kandidaten och wichteg sinn. Dat sinn zum Beispill nach portugisesch an däitsch.

Andrew the Martian – I’m The Martian
Nee, hien ass net vum Mars, mä dëse Marsianer ass am Rocklab entstane wärend enger inspiréierender Session. Dräi Songwriting-Partner stoungen
dem André Baptista alias Andrew The Martian zur Säit: d’belsch Songwriter Ynke Dingenen an Tchiah Ommar Abdulrahman, och als Songwriter-Duo Midfall bekannt, an de Rudolfs Budze, e Produzent an DJ aus Lettland. An tatsächlech schwäerme si, dass d’Lidd wierkt, wéi wann et vun engem anere Planéit kënnt.
Daryss - Melusina
D’Daria Sokova huet sech un der Legend vun der Lëtzebuergescher Melusina inspiréiert an et war e gudde Frënd, deen him geroden huet, sech mat dëser Iddi dem Antoine Barrau - besser bekannt als Igit - ze presentéieren. Hien ass den Auteur vum Barbara Pravis hirem Lidd “Voilà”, eent vum Daria senge Liblingslidder. Zesummen, mat der Hëllef vum Komponist Alexandre Finkin an dem Arrangeur Boban Apostolov, ass “Melusina” tëscht Paräis a Lissabon geschriwwen, ma zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Eng richteg Eurovision-Aventure, sou d’Daria, déi Legend a Widdergebuert vereent.
Eva Marija – Mother Nature
Um Songwriting Camp hu sech d’Weeër vum Eva Puc, alias Eva Marija, der schweedescher Singer-Songwriterin Maria Broberg an zwee Dänen – der Songwriterin Julie Aagaard an dem Komponisten a Produzent Thomas Stengaard - gekräizt. Aus dem Lidd héiert een eng ganz besonnesch Energie a Liichtegkeet eraus, sou d’Sängerin, déi sech um Gefill vun hirer Kandheet an dem fräie Spillen a Parken a Bëscher inspiréiert huet. “Mother Nature” soll de Leit hëllefen, vun hiren Ängschte lasszeloossen.
Hugo One – Born Again
Den Hugo Dejean hëlt eis mat sengem Lidd mat op d’Rees duerch eng Pop-Hymn, inspiréiert aus den 80er. Bei “Born Again” geet et ëm d’Heelen no enger ellener Trennung an d’Fro: “wie wiers du, wann s du nach emol ganz vu vir ufänke kéints?”. D’musikalesch Äntwert dorop ass och um Songwriting Camp entstanen, an Zesummenaarbecht mat dräi anere Songwriter. Nieft dem Hugo sinn dat de Lëtzebuerger Kënschtler EDSUN, de schweedesche Kënschtler Albin Fredy Ljungqvist an den dänesche Kënschtler Emil Lei, deen d’Lidd och produzéiert huet.
Irem - Bad Decisions (Hush Hush)
Et war sécher keng “bad Decision”, dass sech d’Irem Sosay, sech am Rocklab mam hollännesche Pop- an Dance-Produzent Remy Cooper an der schweedescher Kënschtlerin Maria Broberg, alias Maria Mathea, zesummegedoen huet. D’Lidd ass aus engem Geheimnis entstanen an der Fro ganz am Ufank vun der Session am Songwriting Camp, wat grad am Liewe vun der Sängerin lass wie. Dat “klengt Geheimnis” war dann awer sou spannend, dass knapp zwou Stonne méi spéit d’Lidd gebuer war.
Luzac - Prison Dorée
Wéi scho bei der 1. Participatioun, ass och dës Kéier d’Lidd nees am Songwriting Camp entstanen, no engem Austausch tëscht dem Sänger an de Co-Auteuren: dem brittesche Produzent Sam Ray an dem belsche Songwriter-Duo Midfall. Trotz sengem erfëllte Liewen huet de Luzac aner, méi grouss Ziler: d’Musek. An dohier kënnt dann och d’Metapher mam Vull am gëllene Käfeg, dee vu Fräiheet dreemt an dovun dobaussen ze sangen, och wann d’Liewe vu bausse perfekt schéngt, wier et awer bedréckend an erdréckend.
ShiroKuro - Eye To Eye
Si wollten e Pop-Rock-Song schreiwen, deen den aktuellen Zoustand vun der Welt aus der Siicht vu jonke Mënsche symboliséiert, sou de Songwriter a Sänger
Nathanaël Paulis. Deemno ass “Eye To Eye” e Lidd iwwert d’Liewen an enger Gesellschaft, déi mir net verstinn a wat Paranoia bei ville Leit ervirrifft, an doriwwer, wéi een domat ëmgeet. Als groussen ESC-Fan wollt den Nathanaël, zesumme mat de Bandmembere Louis Comblin a Matias Pollicino, sécherstellen, dass hiert Lidd déi bescht Elementer vun engem Eurovisiounslidd vereent: e Lidd, dat séier hänke bleift; ethnesche Gesang, e Streichorchester an héich Téin.
Steve Castile - Sweet Tooth
Och den aachte Song staamt aus dem Rocklab-Songwriting-Camp. D’Lidd ass zesumme mat zwee anere Songwriter, dem Abigail F. Jones an dem Simon Davis, deen d’Lidd och produzéiert huet, entstanen. Si ware schonn nom alleréischten Toun, deen de Steve Calçada, alias Steve Castile, vu sech ginn huet, begeeschtert an inspiréiert. Deemno ass d’Grondlag vum Lidd och op seng Stëmm opgebaut mat déiwen a subharmoneschen Téin iwwert eng däischter an obsessiv Léift zu enger Persoun, déi engem net guttdeet.
De 24. Januar ass déi grouss LSC-Finall an der Escher Rockhal. Wien do gewënnt, fiert am Mee zesumme mat der Lëtzebuerger Delegatioun an Éisträich, fir do de Grand-Duché ze representéieren. Wéi bei der Eurovisioun gëtt de Gewënner duerch eng gemeinsam Ofstëmmung duerch d’Spectateuren an e Jury, deen zesummegesat ass aus 40 Experten aus 8 Länner.
A fir all déijéineg, déi et kaum nach erwaarde kënnen, d’Ticketsvente fir d’Show de 24. Januar gëtt an den nächsten Deeg lancéiert.