Presented by
LuxConnect
Voyages Flammang
Supported by
Dessange
Camille Albane
ByTun
Machado Johny
Galeries Lafayette
Et ass ausgeloust

Lëtzebuerg trëtt de 14. Mee an der zweeter Halleffinall um Eurovision Song Contest op
Sandy Schmit

E Méindeg den Owend um 19 Auer gouf gewielt, wéi e Land a wéi enger Reiefolleg an den zwou Halleffinallen den 12. an de 14. Mee 2026 sange wäert.
E Méindeg den Owend gouf ausgeloust.
E Méindeg den Owend gouf ausgeloust.
© EBU

Nach steet jo net fest, wie Lëtzebuerg am Mee um Eurovision Song Contest vertrëtt. Dat fanne mer eréischt de 24. Januar eraus, wann an der Escher Rockhal déi grouss LSC-Finall ass. Ma elo gouf awer schonn ausgeloust, a wéi enger Reiefolleg déi jeeweileg Länner an den zwou Halleffinallen optrieden.

Virum Auslouse goufen d’Halleffinalisten op fënnef Dëppen opgedeelt. Dëst verhënnert d’Warscheinlechkeet, dass ze vill Nopeschlänner openeentreffen an natierlech erhéicht dat d’Spannung.

Opgedeelt goufen dës Länner:

  • Dëppen 1: Albanien, Bulgarien, Kroatien, Montenegro, Serbien, Schwäiz
  • Dëppen 2: Australien, Dänemark, Estland, Finnland, Norwegen, Schweden
  • Dëppen 3: Armenien, Aserbaidschan, Georgien, Israel, Polen, Ukrain
  • Dëppe 4: Belsch, Tschechien, Lëtzebuerg, Moldawien, Portugal, Rumänien
  • Dëppe 5: Zypern, Griicheland, Lettland, Litauen, Malta, San Marino

D’Alexandra Maritza Wachter an de Cesár Sampson hunn d’Auslousung moderéiert, déi decidéiert huet, wéi ee Participant wéi een Dag vun der Halleffinall zu Wien op der Bün steet an ofstëmmt. Entweder dënschdes den 12. Mee oder donneschdes de 14. Mee. Gläichzäiteg gouf bestëmmt, ob de jeeweilege Kënschtler an der éischter oder zweeter Hallschecht vun der Halleffinall optrëtt, fir dat en ausgeloust gouf.

35 Länner mussen op deenen zwee Deeg géinteneen untrieden, nom Zoufallsprinzip. D’Big-Five-Länner Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien, souwéi Éisträich als Gewënnerland 2025, sinn automatesch an der ESC-Finall de 16. Mee. Och hire jeeweilegen Optrëtt respektiv hir Ofstëmmung gouf ausgeloust.

Esou gouf ausgeloust

D’Big Five: Däitschland an Italien trieden an der éischter Halleffinall un; Frankräich, Groussbritannien an Éisträich an der zweeter Halleffinall.

© EBU

Éischt Halleffinall:

Georgien - 1. Hallschent
Estland - 2. Hallschent
Montenegro - 2. Hallschent
Portugal - 1. Hallschent
San Marino - 2. Hallschent
Kroatien - 1. Hallschent
Schweden - 1. Hallschent
Polen - 2. Hallschent
Belsch - 2. Hallschent
Litauen - 2. Hallschent
Serbien - 1. Hallschent
Finnland -1. Hallschent
Israel - 2. Hallschent
Moldawien - 1. Hallschent
Griicheland 1. Hallschent

Zweet Halleffinall:

Albanien - 2. Hallschent
Dänemark - 2. Hallschent
Armenien- 1. Hallschent
Rumänien - 1. Hallschent
Zypern - 2 . Hallschent
Norwegen - 2. Hallschent
Schwäiz - 1. Hallschent
Aserbaidschan - 1. Hallschent
Lëtzebuerg - 1. Hallschent
Malta - 2. Hallschent
Bulgarien 1. Hallschent
Australien 2. Hallschent
Ukrain 2. Hallschent
Tschechien - 1. Hallschent
Lettland - 2. Hallschent

Back to Top
televie-logo