Den ESC-Liveticker
Den Owend um 21 Auer ass déi grouss Finall zu Wien, virdrun um 20 Auer d'ESC-Spezialemissioun
Wie vun de 25 Kandidate ka sech beim weltwäit gréisste Museksconcours duerchsetzen? Sidd den Owend live mat dobäi a suivéiert den Event bei eis am Liveticker a kuckt och hei de Livestream.

Den Owend um 21 ass d'Finall vum Eurovision Song Contest, dem gréisste Museksconcours weltwäit, an dat fir déi elo scho 70. Kéier. Lëtzebuerg huet et mam Eva Marija dëst Joer jo net an d'Finall gepackt.

Schonn um 20 Auer live dobäi
Bei eis gëtt et schonn eng Stonn virun der Finall de vollen ESC-Programm

25 Natiounen an Artisten trieden zu Wien an der Stadthalle géinteneen un, de Gewënner gëtt natierlech nees mat engem Mikrophon aus Glas ausgezeechent. Um 20 Auer si mir mat enger Spezial-Emissioun op der Tëlee scho fir Iech do!

Back to Top
televie-logo