E Samschdeg den Owend ass et sou wäit, an och wa Lëtzebuerg zanter bal 20 Joer net méi mat dobäi ass, huet den ESC dach och hei am Land nach Fans.

D'Finall vum 65. Eurovision Song Contest ass zanter en Donneschdeg komplett. Do war déi zweet Halleffinall mat Participanten aus 17 Länner. Ënner anerem konnte sech d'Schwäiz, Portugal, San Marino an Island fir déi grouss Show zu Rotterdam qualifizéieren. Éisträich, Dänemark a Polen sinn dogéint erausgeflunn.

2020 hat den ESC wéinst der Coronapandemie mussen ofgesot ginn. No 1 Joer Paus geet et dann elo virun, souguer mat Publikum. 2019 hat den Duncan Laurence zu Tel Aviv fir Holland gewonnen. Hie wäert e Samschden awer net selwer optrieden, well hie sech nämlech mam Coronavirus infizéiert huet.

Den ESC ass nach ëmmer de weltwäit gréisste Museksconcours. Am Ganze sinn dëst Joer 39 Länner bedeelegt, vun deenen der eng Rëtsch an de béiden Halleffinallen erausgeflu sinn. Nieft dem Gaaschtland Holland hunn och déi 5 gréissten "Geldgeber"vum ESC ëmmer hir fest Plaz an der Finall, déi sougenannte "Big Five" Italien, Spuenien, Groussbritannien, Frankräich an Däitschland.

RTL

D'Elena Tsagrinou presentéiert fir Zypern de Song "El Diablo" / © ANP/AFP/Patrick Van EMST

Als Favorit gëllt déi italieenesch Band Maneskin, an och Malta mat Destiny a Frankräich mam Barbara Pravi solle sech Chancen ausrechnen däerfen. De grousse Showdown vum 65. Eurovision Song Contest gëtt vun 21 Auer un op villen Tëleeschaînë gewisen.

Den Ufank mécht Zypern mam Elena Tsagrinou, déi mat hirem Song Song "El Diablo" a besonnesch hirem extravaganten Optrëtt e bëssen un d'Lady Gaga erënnert. An de leschte Joren ass d'Show, déi d'Kënschtler bidden, jo ëmmer méi wichteg ginn. Do gëllt et dann, sech géigesäiteg ze iwwertrompen.

D'Reiefolleg vum 65. Eurovision Song Contest

1

Zypern

Elena Tsagrinou

"El Diablo"

2

Albanien

Anxhela Peristeri

"Karma"

3

Israel

Eden Alene

"Set Me Free"

4

Belsch

Hooverphonic

"The Wrong Place"

5

Russland

Manizha

"Russian Woman"

6

Malta

Destiny

"Je me casse"

7

Portugal

The Black Mamba

"Love Is On My Side"

8

Serbien

Hurricane

"Loco Loco"

9

Groussbritannien      

James Newman

"Embers"

10

Griichenland

Stefania

"Last Dance"

11

Schwäiz

Gjon's Tears

"Tout l'univers"

12 

Island

Daði og Gagnamagnið

"10 Years"

13

Spuenien

Blas Cantó

"Voy a quedarme"

14

Moldau

Natalia Gordienko

"Sugar"

15

Däitschland

Jendrik

"I Don’t Feel Hate"

16

Finnland

Blind Channel

"Dark Side"

17

Bulgarien

Victoria

"Growing Up Is Getting Old"

18

Litauen

The Roop

"Discoteque"

19

Ukrain

Go_A

"Shum"

20

Frankräich

Barbara Pravi

"Voilà"

21

Aserbaidschan

Efendi

"Mata Hari"

22

Norwegen

Tix

"Fallen Angel"

23

Holland

Jeangu Macrooy

"Birth Of A New Age"

24

Italien

Måneskin

"Zitti e buoni"

25

Schweden

Tusse

"Voices"

26

San Marino

Senhit

"Adrenalina"