© AFP
26 Länner stoungen e Samschdeg zu Rotterdam op der ESC-Bün, fir de Gewënner vun der Editioun 2021 z'ermëttelen.
Italien huet mam rockege Protestsong "Zitti e Buoni" vun der Band "Måneskin" den Eurovision Song Contest zu Rotterdam gewonnen. Fir Italien ass et schonn déi drëtte Kéier, dass si sech beim Concours duerchsetzen, no 1990 an 1965.
Op Plaz 2 koum Frankräich mat der Sängerin Barbara Pravi mam Lidd "Voilà", op der drëtter Plaz de Schwäizer Gjon's Tears.Däitschland ass mat just 3 Punkten wäit hannendrun, op der virleschter Plaz gelant. Fir den Hamburger Jendrik mat sengem Lidd "I Don't Feel Hate" war et d'Plaz 25, viru Groussbritannien.
Nodeems den europäesch Jury d'Hallschent vun den ESC-Resultater ausgezielt hat, hat et no enger Victoire fir d'Schwäiz ausgesinn. Ma um Enn ass Italien um Troun gelant. Zanter der finnescher Band "Lordi", déi 2006 den ESC gewonnen haten, ass "Måneskin" déi éischt Band an deem Genre, déi de Concours fir sech decidéiert huet.
Informatiounen am Virfeld
D'Finall vum 65. Eurovision Song Contest ass zanter en Donneschdeg komplett. Do war déi zweet Halleffinall mat Participanten aus 17 Länner. Ënner anerem konnte sech d'Schwäiz, Portugal, San Marino an Island fir déi grouss Show zu Rotterdam qualifizéieren. Éisträich, Dänemark a Polen sinn dogéint erausgeflunn.
2020 hat den ESC wéinst der Coronapandemie mussen ofgesot ginn. No 1 Joer Paus geet et dann elo virun, souguer mat Publikum. 2019 hat den Duncan Laurence zu Tel Aviv fir Holland gewonnen. Hie wäert e Samschden awer net selwer optrieden, well hie sech nämlech mam Coronavirus infizéiert huet.
Den ESC ass nach ëmmer de weltwäit gréisste Museksconcours. Am Ganze sinn dëst Joer 39 Länner bedeelegt, vun deenen der eng Rëtsch an de béiden Halleffinallen erausgeflu sinn. Nieft dem Gaaschtland Holland hunn och déi 5 gréissten "Geldgeber"vum ESC ëmmer hir fest Plaz an der Finall, déi sougenannte "Big Five" Italien, Spuenien, Groussbritannien, Frankräich an Däitschland.
D'Elena Tsagrinou presentéiert fir Zypern de Song "El Diablo" / © ANP/AFP/Patrick Van EMST
Als Favorit gëllt déi italieenesch Band Maneskin, an och Malta mat Destiny a Frankräich mam Barbara Pravi solle sech Chancen ausrechnen däerfen. De grousse Showdown vum 65. Eurovision Song Contest gëtt vun 21 Auer un op villen Tëleeschaînë gewisen.
Den Ufank mécht Zypern mam Elena Tsagrinou, déi mat hirem Song Song "El Diablo" a besonnesch hirem extravaganten Optrëtt e bëssen un d'Lady Gaga erënnert. An de leschte Joren ass d'Show, déi d'Kënschtler bidden, jo ëmmer méi wichteg ginn. Do gëllt et dann, sech géigesäiteg ze iwwertrompen.
D'Reiefolleg vum 65. Eurovision Song Contest
1 | "El Diablo" | ||
2 | "Karma" | ||
3 | "Set Me Free" | ||
4 | "The Wrong Place" | ||
5 | "Russian Woman" | ||
6 | "Je me casse" | ||
7 | "Love Is On My Side" | ||
8 | "Loco Loco" | ||
9 | "Embers" | ||
10 | "Last Dance" | ||
11 | "Tout l'univers" | ||
12 | "10 Years" | ||
13 | "Voy a quedarme" | ||
14 | "Sugar" | ||
15 | "I Don’t Feel Hate" | ||
16 | "Dark Side" | ||
17 | "Growing Up Is Getting Old" | ||
18 | "Discoteque" | ||
19 | "Shum" | ||
20 | "Voilà" | ||
21 | "Mata Hari" | ||
22 | "Fallen Angel" | ||
23 | "Birth Of A New Age" | ||
24 | "Zitti e buoni" | ||
25 | "Voices" | ||
26 | "Adrenalina" |