© AFP/Kenzo Tribouillard
Kuerz no der Victoire vun der italienescher Band gouf an de soziale Medien doriwwer spekuléiert, ob de Sänger wärend der Show Kokain consomméiert huet.
An engem Video war nämlech ze gesinn, wéi hie wärend dem Evenement iwwert engem Dësch houng. A Wierklechkeet hätt hien awer kee Kokain geholl, mä sech gebéckt, well dem Gittarist e Glas erofgefall wier, huet den Damiano David erkläert.
Doropshin hat d'European Broadcasting Union ugekënnegt, dass de Sänger fräiwëlleg en Drogentest maache géing. E Méindeg gouf dunn d'Resultat public gemaach: Negativ. Hien hätt keng Droge consomméiert, huet d'EBU, de Veranstalter vum Eurovision Song Contest confirméiert.
Mat hirem Lidd "Zitti e Buoni" huet d'Glamrock-Band e Samschdeg den Owend knapp viru Frankräich an der Schwäiz gewonnen.
Eng US-amerikanesch Versioun vum Eurovision Song Contest?
Ob d'Konzept vum ESC och an anere Länner funktionéiert, soll elo getest ginn. An den USA gëtt dowéinst un engem gréissere musikalesche Spektakel geschafft, mat Kandidaten aus 50 US-Bundesstaaten. De Stéchdatum huet allerdéngs missen no hanne verréckelt ginn. Ugangs war vun der Chrëschtzäit 2021 rieds, allerdéngs soll den American Song Contest elo awer eréischt 2022 organiséiert ginn. Nieft enger Qualifikatiounsronn soll et och eng Halleffinall an eng grouss Finall ginn. En änlecht Konzept ass och an Asien an der Maach.