Den Top-Favorit aus der Ukrain Kalush Orchestra huet sech en Dënschdeg den Owend an der éischter Halleffinall vum ESC zu Turin fir d'Finall qualifizéiert.

Nieft der Ukrain sinn och d'Schwäiz, Armenien, Island, Litauen, Portugal, Norwegen, Griicheland, Moldau an Holland sécher an der Finall mat dobäi.

Den ESC ass eegene Reegelen no strikt onpolitesch, dofir huet de russesche Krich géint d'Ukrain wärend der Show an der Hal PalaOlimpico keng Roll gespillt. De Sänger vu Kalush Orchestra huet no engem Optrëtt just kuerz "Merci fir d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain" gesot.

Et gouf sech schonn am Virfeld erwaart, dass d'Ukrain sech fir d'Finall qualifizéiere géing. Dat selwecht huet fir déi norwegesch Band Subwoolfer mam Lidd "Give That Wolf A Banana" gegollt. D'Kënschtler, déi mat giele Wollefsmasken opgetruede sinn, zielen zu de skurrilste Participanten dëst Joer.

10 weider Länner kënne sech en Donneschdeg fir d'ESC-Finall qualifizéieren. E Samschdeg trieden dann am Ganze 25 Staate géinteneen un. Siwe Länner hunn et iwwerdeems net an d'ESC-Finall 2022 gepackt: Albanien, Éisträich, Bulgarien, Kroatien, Dänemark, Slowenien a Lettland.

Gewënner vun der Editioun 2021 war déi italienesch Rockband Måneskin.

Interviewe vum Eurovision Song Contest fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Today Radio um RTL Play.