© AFP
"Stefania" vu Kalush Orchestra war dat Lidd vum ESC 2022.
De Grupp Kalush Orchestra huet de 66. Eurovision Song Contest zu Turin gewonnen. An hirem Lidd "Stefania" geet et ëm e Réckbléck an d'Kandheet an ëm de Respekt fir déi eege Mamm. Eng Zeil aus dem Lidd, op Englesch iwwersat, kritt duerch den aktuelle Kontext och eng ganz nei Bedeitung:
"I‘ll always find my way home, even if all roads are destroyed" Op Lëtzebuergesch: "Ech wäert ëmmer mäi Wee zréck fannen, och wann all d'Stroossen zerstéiert sinn."
D'Victoire war ze erwaarden, sou ass d’Ukrain schonns zënter Méint den Top-Favorit an de Wetten war. E Samschdeg de Mëtteg louch d'Gewënnchance nach bei iwwer 60 Prozent.
Den Eurovision Song Contest wëll fir Harmonie, Toleranz, Respekt an Zesummenhalt tëscht de Natioune stoen. Dat huet sech och nach eng Kéier bei der Verdeelung vun de Punkte gewisen, dës kommen zu 50 Prozent vun Juryen aus den eenzele Länner, an zu 50 Prozent vum Public. De Grupp aus der Ukrain war nom Jury-Vott nach op der 4. Plaz mat 192 Punkten. Endgülteg gewanne konnte se duerch d'Stëmmen aus dem Public. Si krute mat 439 Punkten, mat Ofstand déi meeschte Stëmmen. Dat sinn dann insgesamt 631 Punkten.
Déi zweet Plaz krut de Sam Ryder aus dem Vereente Kinnekräich mat sengem Lidd "Space Man" mat 466 Punkten. Den Englänner war och scho wéinst senge Cover-Songs am Internet bekannt. Op TikTok huet hien iwwer 10 Millioune Follower. Déi drëtt Plaz ass un déi spuenesch Sängerin Chanel gaange mat hire Song "SloMo", si krut 459 Punkten. Completéiert gëtt Top 5 mat Schweden a Serbien. De Gewënner vun 2021 Italien lant op der 6. Plaz.
Vun eise Nopeschlänner huet sech d'Belsch am beschte placéiert. De Jérémie Makiese ass mat sengem Song "Miss you" op déi 19. Plaz komm. Frankräich (Alvan & Ahez -Fulenn) an Däitschland (Malik Harris- Rockstars) sinn op der zweetleschter, respektiv op der leschter Plaz gelant.
Eng ronn 200 Millioune Spectateure hunn d'Show aus Italien matverfollegt. Eng 7.000 Leit ware sur Place am PalaOlimpico zu Turin. 40 Länner hunn dëst Joer matgemaach, woubäi sech just 20 fir déi grousst Final qualifizéiert hunn. Déi sougenannte "Big Five" Staaten, dat si Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, Spuenien an Italien sinn automatesch weider.
De Gewënner vum leschte Joer, d'italienesch Rock-Band Maneskin, ass och opgetrueden. Si hunn fir d'éischte Kéier hiert neit Lidd "Supermodel" presentéiert.
Fir d'Ukrain ass et déi 3. Victoire. D'Land huet schonns 2004 an 2016 mat de Sängerinne Ruslana respektiv Jamala den Titel mat heem geholl.
Interviewe vum Eurovision Song Contest fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Today Radio um RTL Play.