Déi 66. Editioun vum Eurovision Song Contest fënnt e Samschdeg den Owend ënnert dem Motto "The Sound of Beauty" zu Turin statt.

25 Natioune wäerte géinteneen untrieden. Déi fënnef grouss Donateur-Länner Däitschland, Groussbritannien, Spuenien, Italien a Frankräich stounge schonn am Virfeld fest; 20 weider Staaten hu sech misse fir d'Finall qualifizéieren.

Nieft Schweden, hu sech en Donneschdeg den Owend nach Polen, d'Belsch, Tschechien, Aserbaidschan, Finnland, Estland, Serbien, Rumänien an Australien eng Plaz an der Finall geséchert. De Koffer pake missten iwwerdeems Zypern, Georgien, Irland, Israel, Nordmazedonien, Malta, Montenegro a San Marino.

Déi éischt 10 Finaliste goufen en Dënschdeg annoncéiert. Nieft dem Top-Favorit Kalush Orchestra aus der Ukrain waren dat d'Schwäiz, Armenien, Island, Litauen, Portugal, Norwegen, Griicheland, Moldau an Holland.

Den ESC ass eegene Reegelen no strikt onpolitesch, dofir dierf de russesche Krich géint d'Ukrain wärend der Show an der Hal PalaOlimpico keng Roll spillen.

Gewënner vun der Editioun 2021 war déi italienesch Rockband Måneskin.

Replay vun der zweeter Halleffinall

Interviewe vum Eurovision Song Contest fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Today Radio um RTL Play.