© AFP Archivbild
No der iwwerwältegender Victoire beim Eurovision Song Contest huet déi ukrainesch Band hire Präis elo zu Geld gemaach.
Mam Erléis ënnerstëtzen d'Museker d'Zaldoten an hirer Heemecht. Bei der Stee a Kryptowärung huet den ESC-Pokal - e grousse Kristall-Mikro mam entspriechende Logo - ëmgerechent am Ganzen 838.000 Euro abruecht, wéi d'Band e Sonndeg den Owend op Facebook matgedeelt huet.
Den Zouschlag bei der Facebook-Auktioun krut déi op de Bitcoin-Handel spezialiséiert Firma Whitebit.
Kalush Orchestra war begeeschtert iwwert den enormen Erléis, deen un d'Stëftung "Prytula" geet, déi d'ukrainesch Arméi ënnerstëtzt. Zanter dem russeschen Amarsch an der Ukrain de 24. Februar wier hir Arméi an engem battere Krich, sou d'Band an enger Erklärung op Instagram.
Kalush Orchestra hat den ESC zu Turin de 14. Mee mam Lidd "Stefania" gewonnen, mat Hëllef vum Public. An der Jury-Wäertung louch d'Ukrain op Plaz 4, nodeems d'Publikumspunkten dobäikoumen, ass d'Land op Plaz 1 geklommen.