D'Ukrain hat rezent de "Eurovision Song Contest" mat der Band "Kalush Orchestra" gewonnen. Déi 67. Editioun vum ESC wäert awer net zu Kiew sinn.

D'Unioun vun den europäesche Radioen huet dat e Freideg zu Genève matgedeelt. Amplaz vun der Ukrain sollen et Gespréicher mat Groussbritannien ginn, fir d'Evenement eventuell op der Insel z'organiséieren.

Normalerweis ass de grousse Gesangsconcours jo ëmmer am Land vum Vainqueur vum Joer virdrun, mee Groussbritannien kéint mat der Zweetplacéierten elo asprangen. De brittesche Premier Boris Johnson huet de Plang scho begréisst a gesot, hie géing gäre mat der Ukrain an der BBC zesumme schaffen, fir den ESC a Groussbritannien auszedroen.

De Grupp "Kalush Orchestra" huet 2022 de 66. Eurovision Song Contest zu Turin gewonnen. An hirem Lidd "Stefania" geet et ëm e Réckbléck an d'Kandheet an ëm de Respekt fir déi eege Mamm. Eng Zeil aus dem Lidd, op Englesch iwwersat, kritt duerch den aktuelle Kontext och eng ganz nei Bedeitung: "I‘ll always find my way home, even if all roads are destroyed" Op Lëtzebuergesch: "Ech wäert ëmmer mäi Wee zréck fannen, och wann all d'Stroossen zerstéiert sinn." D'Victoire war ze erwaarden, well d’Ukrain Méint virum ESC als Favorit gegollt huet.

Fir d'Ukrain war et déi 3. Victoire. D'Land huet schonns 2004 an 2016 mat de Sängerinne Ruslana respektiv Jamala den Titel mat heem geholl.