E Méindeg gouf um Twitter-Account vum ESC public gemaach, datt den nächste Songcontest net wéi soss am Gewënnerland wier, mä a Groussbritannien.

Obwuel d'Ukrain am Joer 2022 de Contest mam Lidd Stefania vu Kalush Orchestra gewanne konnt, wäert den nächste Contest net am osteuropäesche Land sinn. Dëst, esou d'Organisateure vun der beléifter Gesangskompetitioun, wéinst dem russeschen Invasioun-Krich an der Ukrain. De Concours wäert dowéinst a Groussbritannien sinn, well dat Vereenegt Kinnekräich am Joer 2022 mam Sam Ryder a sengem Lidd Space Man déi zweete Plaz beluecht haten.

Wou genee de Contest wäert sinn, ass nach net gewosst. Allerdéngs hu scho Glasgow a Manchester ugekënnegt, datt se Interessi hätten, den ESC z'organiséieren. Allerdéngs sinn och nach aner Stied am Rennen. Nieft Leeds, Liverpool, Newcastle, Birmingham, Brighton a London kéinten och nach déi walisesch Stad Cardiff, déi schottesch Stad Aberdeen an déi nordiresch Stad Belfast de Contest ausdroen.

Eent ass allerdéngs elo scho sécher. D'Ukrain brauch am nächste Joer net un der Halleffinall deelzehuelen. Als Entschiedegung, fir datt de Concours net an der Ukrain organiséiert ka ginn, dierf de jeeweilegen ukrainesche Kënschtler oder déi jeeweileg Kënschtlerin direkt, zesumme mat der sougenannter "Big Five", an der Finall un de Start goen. Dëst hunn d'Organisateuren en Méideng de Mëtte via Twitter kommunizéiert.