Eng Wett, en ale Sänger, dräi Jonker, een Zil: De Ronny Riff op de Eurovision Song Contest ze bréngen.
Dat ass d'Prämiss vun der Serie "Comeback", déi virun zimmlech genee 10 Joer hei op RTL Télé Lëtzebuerg gelaf ass. A fir dat ze feieren, hu sech d'Schauspiller an déi ganz Ekippe vun hannert der Kamera nach eng Kéier getraff fir e Conveniat.
Een dovunner ass den Al Ginter. An der Serie spillt hien de Ronny Riff, ee Museker, dee seng beschten Zäit an den 80er Joren hat. Zum Zäitpunkt vun der Serie ass hien op den Hond komm. Trotzdeem ginn d'Frënn Sophie (Julie Kieffer), Pit (Konstantin Rommelfangen) a Jacques (Tommy Schlesser) (Och nach Saack genannt) alles, fir hien op de Eurovision Song Contest ze kréien. De Grond fir dës Beméiungen ass eng Wett, déi déi dräi an enger Nuecht an där och vill Alkohol involvéiert war, ofschléissen. 24 Episoden hu si Zäit, fir de Ronny Riff nees fit fir op d'Bün ze maachen an all Charakter huet seng eege perséinlech Motivatioun, fir d'Wett ze gewannen.
De Conveniat ass, wéi soll et anescht sinn, an der Bouneweger Stuff. Dat ass och déi Plaz op där d'Sitcome deemools ofgedréit gouf. An der Wunneng iwwert dem Café hunn d'Haaptcharaktere gewunnt. Mëttlerweil ass d'Wunneng zwar verlount, de Café ass awer ëmmer nach a Betrib.
"Mir sinn all Dag heihinner komm. Et war eist Liewen", erënnert sech den Tommy Schlesser. "Mir ware bal ee Joer laang all Dag hei an hunn déi Leit alleguerte gesinn a fir si elo nach eng Kéier erëmzegesinn, dat ass ganz schéin."
Just d'Julie Kieffer huet sech krankheetsbedéngt missten entschëllegen. Soss war jiddereen nees do, wou virun 10 Joer déi éischt Klapp gefall ass.
D'Serie wär deemools e Sprangbriet gewiescht fir Acteuren, awer och déi déi hannert der Kamera geschafft hunn. Et war eng ganz jonk Ekipp, déi sech elo 10 Joer drop, an der Filmbranche etabléiert huet.
Eng zweet Staffel wär awer aktuell net geplangt. Ma wien d'Comeback-Féiwer awer elo gepaakt huet. Déi al Episode kann een ëmmer nach um RTL Play kucken.