© AFP (Archiv)
Wéinst dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain kann d'Evenement net am eegene Land sinn.
20 brittesch Stied waren drun interesséiert, fir d'Ukrain anzesprangen, 7 Stéck koumen an déi méi enk Auswiel. Zum Schluss stoungen nach Glasgow a Liverpool zur Auswiel. E Freideg den Owend koum dunn d'Nouvelle, dass d'Evenement d'nächst Joer am Mee wäert zu Liverpool organiséiert ginn. Als Datum gouf den 13. Mee festgeluecht.
Gewënner vun der 66. Editioun war dëst Joer déi ukrainesch Band "Kalush Orchestra" mat hirem Lidd "Stefania".
Et ass déi néngte Kéier, datt den ESC am Vereenegte Kinnekräich organiséiert gëtt. Fir Liverpool ass et allerdéngs eng Première.
Aus Sécherheetsgrënn kann d'Event net an der Ukrain stattfannen. Groussbritannien hat als Zweetplacéierte scho viru Méint ugebueden, den ESC 2023 ze organiséieren.