D'Regierung denkt driwwer no, datt Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest matmécht.

Zanter 30 Joer ass Lëtzebuerg net méi mat derbäi, gréisstendeels aus Käschtegrënn. Elo huet de Premier a Medieminister Xavier Bettel eng entspriechend Diskussioun am Regierungsrot lancéiert, esou de Radio 100,7. Dat Ganzt géif natierlech kaschten, besonnesch wann ee géif wannen, mä et hätt en duebele bis dräifache positiven Impakt, steet an der Nott.

RTL gouf kontaktéiert an d’Diskussioune fir eng Participatioun 2024 lafen. Deemno wier RTL als Member vun der Eurovisioun (EBU) de sougenannte lokalen Tëleespartner a wier fir d'Selektioun vun engem Kandidat zoustänneg.

"Et si Gespréicher, déi lafen. Mir sinn och do an de Gespréicher mat agebonnen. Well d'Roll vun RTL wier ganz kloer, wa Lëtzebuerg géif decidéiere matzemaachen, als Home Broadcaster, wier et d'Roll vun RTL natierlech d'Selektioun vum Kandidat, dee géif do matmaachen, z'organiséieren", esou de Christophe Goossens, CEO vun RTL Luxembourg a  BCE.

En Aarbechtsgrupp soll sech elo mam Song Contest beschäftegen, dee vum Xavier Bettel geleet gëtt, an Zesummenaarbecht mat de Ministeren Tanson an Asselborn an aneren Acteuren.

RTL-Ëmfro

Fir d'lescht huet Lëtzebuerg 1993 matgemaach mat Modern Times an "Donne-moi Une Chance", ier de Grand-Duché sech aus Käschtegrënn vum Contest zeréckgezunn huet.

Fënnef Mol huet Lëtzebuerg scho gewonnen: 1961, 1965, 1972, 1973 an 1983, dat Joer mam Lidd vum Corinne Hermès "Si la vie est cadeau". D'Vicky Leandros huet Lëtzebuerg zweemol vertrueden an huet mam Titel "Après toi" 1972 am schotteschen Edinburgh gewonnen.