Mam John Lydon alias Johnny Rotten kéint fir Irland am Mee eng Berüümtheet beim Eurovision Song Contest zu Liverpool un de Start goen.

Den Johnny Rotten, fréiere Sänger vun der englescher Punk-Band "Sex Pistols", steet zanter hirer Trennung am Joer 1978 mam Grupp "Public Image Ltd" op der Bün. Hien ass ee vu sechs Kandidaten, déi am Februar géinteneen untrieden, fir ze decidéieren, wien d'Land um Eurovision vertriede wäert. Mat derbäi ass ënnert anerem och d'Band "Wild Youth" vun Dublin.
D'lescht Joer hat d'Ukrain déi éischt Plaz am Eurovision Song Contest gemaach. Wéinst dem Krich kann den Event dëst Joer awer net do ofgehale ginn. D'Finall ass deemno den 13. Mee zu Liverpool.