Den 21. Dezember war déi éischt Editioun vun de Lëtzebuerger Musekspräisser an der Rockhal. Den Haaptpräis goung un den Orchester-Dirigent Pierre Cao.
Mat 9 Joer huet de Pierre Cao ugefaangen, sech intensiv mat der Musek auseneen ze setzen. Den Ufank vu sengem Parcours war an der Diddelenger Museksschoul a spéider ass hien an de "Conservatoire de Metz" an an de "Conservatoire Royal de Bruxelles" gaangen. 1969 ass de gebiertegen Diddelenger dunn den zweeten Dirigent vum RTL-Symphonieorchester ginn. Eng Positioun, an där hie gutt 9 Joer war, bis e gekënnegt huet.
"Ganz éierlech, dat war net fir mech. Ech war net ganz frou, well ech einfach net ëmmer op där Héicht war vun deem, wat dee Poste verlaangt huet. An dofir hunn ech dunn och demissionéiert. Mee et huet mir ni Leed gedoen" sou de Pierre Cao.
No senger Zäit beim RTL-Orchester huet de Pierre Cao weiderhi verschidde Chorallen zu Lëtzebuerg an am Ausland dirigéiert, Mastercourse ginn an d'Direktioun am Stater Conservatoire enseignéiert. Ee vun den Highlighten a senger Karriär war, dass hien zwee Mol de musikaleschen Direkter vum "Eurovision Song Contest“ war – déi éischt Kéier am Joer 1973 wéi déi franséisch Sängerin Anne Marie David mat hirem Lidd "Tu te reconnaîtras" fir Lëtzebuerg ugetrueden a gewonnen huet.
Ma et sinn awer ganz aner Momenter, un déi de Pierre Cao sech erënnert:
"E grousse Moment fir mech war, wou ech déi éischte Kéier konnt d'Johannes-Passioun vum Bach mat alen Instrumenter dirigéieren. Do sinn ech einfach an enger aner Welt erakomm."
De Pierre Cao ass och den Dirigent vun der Philharmonie hirem Chrëschtconcert.
"Dat gëtt scho bal eng Gewunnecht dee Chrëschtconcert an et mécht ëmmer Freed well och e Kontakt mam Sall do ass. Et ass e Concert mat Animatioun an e freedege Moment deen een zesummen erlieft."
Dëst Joer war de Chrëschtconcert den 21. Dezember, den Dag viru sengem 85. Gebuertsdag. An den nämmlechten Owend krut hien, no sengem Concert, an der Rockhal de Lëtzebuerger Musekspräis.
"Ech war frou, mee ech menge meng Kanner waren nach méi frou. Am Museksliewen ass et esou, datt meeschtens d'Solisten an Dirigenten eng Unerkennung kréien. Déi Leit, déi am Hannergrond sinn an och vill Aarbecht maachen, un déi gëtt manner geduecht."
Musikalesch gesinn, ass den Dirigent mëttlerweil manner aktiv, ma fir vill Leit bleift de Pierre Cao weiderhin ee vun de remarkabelste Personnagen aus der Lëtzebuerger Musekszeen, a seng Auszeechnung ënnersträicht genau dat.