Zanter 2005 organiséiert d'Lëtzebuerger Organisation Générale des Amateurs de l’Eurovision all Joers d'Preview Night vum europäesche Song Contest.

Den Eurovision Song Contest begeeschtert d'Leit ronderëm d'Welt. D'Organisation Générale des Amateurs de l’Eurovision (OGAE) ass wuel de gréisste Fanclub a besteet mëttlerweil an 42 Länner - och hei zu Lëtzebuerg.

37 Mol hu mir matgemaach a scho fënnef Mol gewonnen. Zanter enger Partie Jore si mir net méi dobäi, ma vill Lëtzebuerger kucke sech d’Show nach ëmmer gären un. E Freideg den Owend hate sech och nees eng sëllege Leit zu Biissen fir d’Preview Night Rendez-vous ginn a sech déi 37 Lidder, déi dëst Joer dobäi sinn, zesummen ugelauschtert.

Fir e bëssen Nostalgie huet dunn och nach d’Marion Welter zesumme mam Ricardo Vieira gesuergt, dat eist klengt Land 1992 op der grousser Bün vertrueden huet. An zum Schluss gouf et dunn eng Ofstëmmung fir de Favorit vun de Lëtzebuerger ze ermëttelen.