Et ass déi gréisste Museksshow an Europa, dëst Joer ënner dem Motto "United By Music", organiséiert an England.

"Stefania" heescht den Titel, mat deem d'lescht Joer déi ukrainesch Band Kalush Orchestra de 66. Eurovision Song Contest gewonnen hat. Well an der Ukrain nach ëmmer Krich ass, gëtt d'Editioun dëst Joer an England organiséiert.

31 Länner maache beim europäesche Concours mat.

De Concours huet den 9. Mee mat der éischter Halleffinall ugefaangen, den 11. Mee war déi zweet. Den 13. Mee ass déi grouss Finall zu Liverpool. Däitschland, Italien, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien - déi sougenannte "Big Five" - hate sech virop scho fir d'Finall qualifizéiert, zousätzlech zum leschten ESC-Gewënner Ukrain. Am Ganze 26 Interprete trieden um Enn géinteneen un.

2024 ass dann och de Grand-Duché nees mat dobäi

Zanter 30 Jore war Lëtzebuerg lo net méi dobäi, gréisstendeels aus Käschtegrënn. Am Ganze 37 Mol huet eist Land scho matgemaach a 5 Mol gewonnen. Eng éischte Kéier war dat 1961 mam Jean-Claude Pascal. Fir d'lescht war de Grand-Duché duerch de Museker-Duo Modern Times am Joer 1993 vertrueden, koumen awer just op déi 20. Plaz vu 25.

De Medieminister Xavier Bettel hat eng Lëtzebuerger Participatioun nees an d'Gespréich bruecht an d'entspriechend Diskussioune goufen am Regierungsrot gefouert. Den 12. Mee dunn, huet d'Regierung matgedeelt, dass Lëtzebuerg 2024 nees dobäi ass.

Modern Times um ESC
1993 war déi leschte Participatioun vu Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest.

Lëtzebuerg beim ESC - Réckbléck

Joer LiddPlazPunkten
1956 Les Amants De Minuit
vun Michèle Arnaud
2-
1956 Ne Crois Pas
Michèle Arnaud
2-
1957 Amours Mortes (Tant De Peine)
Danièle Dupré
48
1958 Un Grand Amour
Solange Berry
91
1960 So Laang We's Du Do Bast
Camillo Felgen
131
1961 Nous Les Amoureux
Jean-Claude Pascal
131
1962 Petit Bonhomme
Camillo Felgen
311
1963 A Force De Prier
Nana Mouskouri
813
1964 Dès Que Le Printemps Revient
Hugues Aufray
414
1965 Poupée De Cire, Poupée De Son
France Gall
132
1966 Ce Soir Je T'attendais
Michèle Torr
107
1967 L'amour Est Bleu
Vicky
417
1968 Nous Vivrons D'amour
Chris Baldo & Sophie Garel
11 5
1969 Cathérine
Romuald
11 7
1970 Je Suis Tombé Du Ciel
David-Alexandre Winter
120
1971 Pomme, Pomme, Pomme
Monique Melsen
1370
1972 Après Toi
Vicky Leandros
1128
1973 Tu Te Reconnaîtras
Anne-Marie David
1 129
1974 Bye, Bye, I Love You
Ireen Sheer
414
1975 Toi
Géraldine
584
1976 Chansons Pour Ceux Qui S'aiment
Jürgen Marcus
1417
1977 Frère Jacques
Anne Marie B.
1617
1978 Parlez-vous Français?
Baccara
773
1979 J'ai Déjà Vu ça Dans Tes Yeux
Jeane Manson
1344
1980 Papa Pingouin
Sophie and Magaly
956
1981 C'est Peut-être Pas L'Amérique
Jean-Claude Pascal
1141
1982 Cour Apres Le Temps
Svetlana
678
1983 Si La Vie Est Cadeau
Corinne Hermès
1142
1984 100% D'amour
Sophie Carle
1039
1985 Children, Kinder, Enfants
Margo, Franck, Diane, Ireen,
Malcolm & Chris
1337
1986 L'amour De Ma Vie
Sherisse Laurence
 3117
1987 Amour Amour
Plastic Bertrand
 214
1988 Croire
Lara Fabian
490
1989 Monsieur
Park Café
208
1990 Quand Je Te Rêve
Céline Carzo
1338
1991 Un Baiser Volé
Sarah Bray
1429
1992 Sou Fräi
Marion Welter and Kontinent
2110
1993 Donne-moi Une Chance
Modern Times
20 11

European Song Contest zu Lëtzebuerg
Déi leschte Kéier, dass zu Lëtzebuerg den ESC organiséiert gouf, war am Joer 1984.