Déi brittesch Sängerin Alesha Dixon, d'ukrainesch Sängerin Julia Sanina an d'brittesch Schauspillerin Hannah Waddingham hunn d'Halleffinalle vum ESC 2023 presentéiert. / © Paul Ellis / AFP
En Dënschdeg den Owend war déi éischt Halleffinall vum Eurovision Song Contest zu Liverpool.
15 Acts sinn opgetrueden, 10 dovunner konnte sech fir d'grouss Finall e Samschdeg qualifizéieren. Mat dobäi sinn d'Favoritte Schweden a Finnland. Fir Schweden trëtt e bekannt Gesiicht op: d'Loreen, dat schonn 2012 mat "Euphoria" den ESC gewonnen hat.
Ma och Kroatien, Israel, Norwegen, Tschechien, Serbien, Portugal, Moldawien an d'Schwäiz hu genuch Punkte kritt a wäerten an der grousser Finall nach eng Kéier ze gesi sinn.
Net qualifizéiert hu sech Irland, Lettland, Holland, Malta an den Aserbaidschan.
Nei dëst Joer ass, dass an de Semi-Finalle keng Jury-Membere méi ofstëmme kënnen, et zielt also just nach den Tëleevoting.
Fir e besonnesch skurrillen Optrëtt dierft wuel d'Band "Let 3" aus Kroatien mat hirem Lidd "Mama ŠČ!" gesuergt hunn. Sou huet de Sänger Zoran Prodanović mat senger Verkleedung dem Stalin änlech gesinn. An effektiv, hiert Lidd soll eng indirekt Kritik u Russland an och u sämtlech Diktatoren op der Welt sinn.
En Donneschdeg geet et weider mat der zweeter Halleffinall. Hei trieden ënner anerem och d'Belsch an Éisträich op.