Matte wärend der Editioun 2023 vum Eurovision Song Contest hat de Premier Xavier Bettel jo eng Participatioun vum Grand-Duché an d'Spill bruecht.

Lëtzebuerg nees beim ESC / De Reportage vum Jean-Marc Sturm

Zanter 30 Joer war Lëtzebuerg lo net méi dobäi, gréisstendeels aus Käschtegrënn. Zäit also, dass de Grand-Duché sech nees am Medien- a Museksberäich engagéiert a beweist. Et wier eng ideal Geleeënheet fir eist Land, souwuel op europäeschem wéi och internationalem Niveau, sou d'Regierung an engem Schreiwes e Freideg.

D'Regierung ass iwwerzeegt, dass de Retour bei den Eurovision Song Contest eng "ideal Geleeënheet ass, den europäesche wéi och internationale Geescht ze bekräftegen". En anere positiven Impakt wier natierlech och de kulturellen Aspekt, respektiv d'Entwécklung vum Kulturberäich wéi och wirtschaftlech Virdeeler. Eng Participatioun zitt natierlech och nees méi Touristen an eist Land a promouvéiert den Image vum Grand-Duché.

Deemno huet de Regierungsrot e Freideg net just de formellen Accord fir eng Lëtzebuerger Participatioun 2024 beim ESC ginn, ma och déi finanziell Ënnerstëtzung zougesot.

De Martin Österdahl, den Haaptresponsabel beim European Song Contest fir EBU:

"Mir si frou, Lëtzebuerg no 30 Joer nees beim European Song Contest ze begréissen. D'Land huet ee vun den erfollegräichste Bilane mat fënnef Victoiren an den éischten dräi Joerzéngten. Mir freeën eis och immens op d'Zesummenaarbecht mat RTL an de Retour vu Lëtzebuerg bei engem vun de weltwäit gréisste Live-Museksseventer am Joer 2024."

RTL ee vun den Haaptacteuren

Als Member vun der Eurovisioun (EBU) iwwerhëlt RTL net just d'Diffusioun vum Museksconcours, ma och de Choix vun der Kandidatin oder dem Kandidat, dee Lëtzebuerg representéiert. D'Regierung a CLT-UFA wäerten an deem Kader nach eng gemeinsam Konventioun ofschléissen.

Weider Informatiounen, d'Sich no der Kandidatin oder dem Kandidat a wéi ee sech ka mellen, ginn am Juli dëst Joer presentéiert.

Reaktiounen

Eng Traditioun kritt also neie Wand agehaucht. No 5 Victoiren an 30 Joer Absence mécht Lëtzebuerg also nees beim Eurovision Song Contest mat - deemools bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne. Dëst soll net an d'Geld schloen, seet de Lëtzebuerger Premier. Et ginn zwar Depensen, awer och Recetten. Zil ass, dass ënnert dem finanzielle Stréch eng Null stoe wäert.

All Joer gëtt de Mega-Event vu Millioune Leit suivéiert. Eng eemoleg Geleeënheet, d'Land an och seng Museker an de Mëttelpunkt ze stellen, esou de Xavier Bettel.

De Xavier Bettel

An der Vergaangenheet war et dacks esou, dass eist Land sech beim ESC vun international renomméierte Kënschtler vertriede gelooss huet. D'Kulturministesch Sam Tanson ass iwwerzeegt, dass Lëtzebuerg haut och u musikaleschen Talenter genuch ze bidden huet.

D'Sam Tanson

Fir den Tourismusminister Lex Delles stellt d'Eurovisioun e flott Sprangbriet an ee Magnéit  fir d'Land duer.

Frou iwwert dës Nouvelle ass och d'Anne-Marie David, ESC-Gewënnerin aus dem Joer 1973 mam Lidd "Tu Te Reconnaîtras". Endlech wier Lëtzebuerg nees zréck.

Schreiwes

#Luxembourg12Points: participation du Luxembourg au Eurovision Song Contest en 2024 (12.05.2023)
Communiqué par : Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique

Dans le contexte de l'édition 2023 du concours Eurovision de la chanson (Eurovision Song Contest) qui se déroule cette semaine à Liverpool, le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg annonce formellement son soutien pour la participation d'un*e candidat*e représentant le Luxembourg à l'Eurovision en 2024.

Trente ans après la dernière participation du Luxembourg en 1993, le gouvernement estime qu'un retour au plus important concours musical jamais organisé présente une excellente occasion pour réaffirmer l'esprit européen et international du Grand-Duché dans le domaine médiatique et musical.

Outre l'impact positif attendu tant au niveau culturel que dans le cadre du développement de l'industrie créative et des retombées économiques, la participation luxembourgeoise à l'Eurovision contribuera également à la promotion de la destination Luxembourg, de ses valeurs et de son image de marque.

De ce fait, le gouvernement en conseil a aujourd'hui non seulement formellement acté son soutien à la participation luxembourgeoise à l'Eurovision, mais a également marqué son accord au soutien financer nécessaire à la participation d'une délégation luxembourgeoise à ce concours.

La diffusion de l'Eurovision, le choix du ou des candidat*es représentant le Luxembourg à ce dernier, ainsi que la participation de la délégation luxembourgeoise à l'Eurovision seront gérés par le radiodiffuseur luxembourgeois CLT-UFA, membre de l'Union européenne de radio-télévision, l'association professionnelle de radiodiffuseurs organisant le concours. Une convention entre le gouvernement et CLT-UFA sera établie à cet effet.

Toutes les informations concernant le processus du choix du ou des candidat*es, ainsi que les modalités de candidature seront présentées en juillet 2023.