Fir déi 68. Editioun vum Eurovision Song Contest sicht RTL vun elo un den Artist, deen de Grand-Duché am Mee 2024 a Schweden vertrëtt.

An deem Kader gi Kandidate gesicht, déi sech dësem Concours stelle wëllen. Déi éischt Phas vun der Preselektioun ass den 3. Juli. Wie sech dozou beruff fillt, eis Nationalfaarwe wierdeg ze vertrieden, ka sech vun elo un um offiziellen, nationale Site www.eurovision.lu umellen.

Franséisch Chanson ass virun 30 Joer gutt ukomm a mécht Lëtzebuerg bis haut zu engen vun de Länner mat deene meeschte Victoiren um Konto. De Eurovision Song Contest huet sech entwéckelt, grad esou wéi d'Lëtzebuerger Musekszeen, an et ass dat, wat et elo ze weise gëllt.

Dës Konditioune mussen erfëllt sinn

  • De 27. Januar 2024 minimum 16 Joer al sinn
  • Tëscht November 2023 a Mee 2024 disponibel a flexibel sinn
  • Live sange kënnen a keng Angscht hunn, op enger grousser Bün ze stoen
  • D'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn

oder

  • op d'mannst 3 Joer hannerteneen zu Lëtzebuerg wunnen

oder

  • E Lien mat der Lëtzebuerger Kulturzeen oder eng Verbindung mat der Musekszeen hei am Land noweise kënnen. Konkret mussen do dann e puer Krittären erfëllt sinn: op nationalem Niveau an der Musekswelt aktiv sinn, reegelméisseg an enk mat kulturellen Institutiounen zesummeschaffen an schonn en unerkannten Acteur an der Lëtzebuerger Kulturzeen sinn.

Wat siche mir?

Sänger, Sängerinnen a Bands: dir sollt eis bis den 1. Oktober dëst Joer e Lidd vu maximal dräi Minutten erareechen.

Opgepasst, dir kënnt maximal 3 Lidder proposéieren.

Dir hutt keen eegent Lidd, wëllt awer äert Gesangstalent ënner Beweis stellen? Da schéckt eis bis de 16. Juli 2023 iwwer d'Registréierungssäit en Audio eran, wou dir iech kuerz virstellt, mat enger Interpretatioun vun engem Lidd vun ärer Wiel.

Dir kënnt och e Komponist oder Songwriter am Ausland sinn, wann dir mat engem nationalen Talent zesummeschafft. Och hei gëllt den Delai bis den 1. Oktober 2023.

Verschidde Reegele mussen och hei erfëllt sinn:

  • D'Kompositioun dierf net méi laang wéi dräi Minutten daueren
  • De Contenue dierf net plagiéiert sinn
  • D'Lidder dierfen net virum 1. September dëst Joer verëffentlecht ginn
  • D'Sprooch vun de Lidder ass fräi
  • D'Texter dierfe weder diskriminéierend sinn, nach an eng politesch Richtung goen

Wéi geet et weider?

Wann all d'Propositioune bis dobanne sinn, gi se vun enger Jury ausgewäert an déi treffen och d'Decisioun, wie weiderkënnt. RTL gëtt d'Nimm vun de Finaliste bekannt.

De 27. Januar 2024 kënnt et dann zum Showdown an der Escher Rockhal. All d'Kandidatinnen a Kandidaten, déi et duerch d'Preselektioun gepackt hunn, musse sech do ënner Beweis stellen.

An dat gëtt live op RTL iwwerdroen!

Wien do gewënnt, steet automatesch, no 30 Joer Lëtzebuerger ESC-Absence, op der Bün a Schweden an dierf sech fir de Grand-Duché beim Eurovision Song Contest 2024 behaapten.

Mell dech hei un: www.eurovision.lu