Fir d'Participatioun vu Lëtzebuerg beim ESC war am Juli deen éischte Preselektiounscasting mat engen 100 potenzielle Kandidaten an der Rockhal.

En Optrëtt op der grousser Bün vum Eurovision Song Contest dauert dräi Minutten, déi de gléckleche Kandidat fir ëmmer präge wäerten. No 30 laange Joren ass Lëtzebuerg nees dobäi a sicht deemno dee Kandidat oder dee Grupp, deen eist Land op der 68. Editioun a Schweden vertriede soll. D’Kandidate konnte sech deemno a verschiddene Kategorien umellen:

  • Kategorie 1: Sänger, Sängerinnen a Bands déi e fäerdegt Lidd virweise kënnen.
  • Kategorie 2: Kandidaten déi nach keen eegent Lidd hunn.
  • Kategorie 3: Komponisten a Songwriter déi mat engem aus der Kategorie 2 géingen zesumme schaffen, fir en neit Lidd ze komponéieren.

Doropshi war deen éischte Casting am Juli mat all deene Leit, déi hir Kandidatur an där zweeter Kategorie eragereecht hunn. Iwwer zwee Deeg hunn déi verschiddenste Kandidaten de Wee an d'Rockhal fonnt.

De Pierre Urbing war mat sengen 63 Joer net nëmmen deen eelste Kandidat, ma och deen alleréischten, dee virgesongen huet. "Et war am Fong ëmmer mäi Wonsch, fir Musek ze maache wéi ech jonk war, mee deemools war déi Méiglechkeet net esou do, wéi haut. An elo hu mer gesot, probéier emol eppes fir Lëtzebuerg ze maachen.”

D’Melina Frisch ass grad emol 16 Joer al a war domat eent vun deene Jéngsten, dat sech virun d’Jury getraut huet. “Ech mengen och méi jonk Leit sollte gefuerdert ginn an, dass ee vu klengem un einfach weise kann, dass een och eppes kann. Net nëmmen erwuesse Leit. Ech maachen et einfach aus Spaass a wie weess, wat sech do ergëtt.”

Begleet gouf hatt vum Christiane Hoffmann, enger Frëndin vun der Famill. Fir si war den Dram vun der grousser Bün 1991 schonns an Erfëllung gaangen, wéi si Lëtzebuerg als Pianistin an Italien konnt vertrieden. “Et war e bësse stresseg well mer net vill vu Roum konnte gesinn. Also mir hunn all zweeten Dag zu Cinecittà misse si fir ze prouwen. An et war wierklech flott, well een déi aner Länner och kennegeléiert huet. Deemools waren der dat jo och net vill. Et war eng super Erfarung.”

Ier et fir d’Kandidate vum Casting och op des Bün ka goen, missten se awer als éischt emol de Jury iwwerzeegen. An deem souzen d’Responsabel vum RTL.lu Sandra Bintz, d'RTL-Kulturcheffin Jenny Fischbach, den ESC-Koordinator Eric Lehmann, den Audio-Expert Jules Serrig, den Head of Radio Dave Gloesener an de Radio-Animateur Samuel Steen.

“Ech géif soe gutt 50 Prozent vun de Kandidaten, déi sech virgestallt hu, sange gutt. E puer Verbesserungsvirschléi hu mer jo och nach mat op de Wee ginn. An ech denken, d’Leit gi jo och nach gecoacht bis am Januar, wann d’Virentscheedung stattfënnt an ech denken, dass mer awer eng gutt 40 bis 50 Leit wäerten zréck behalen”, seet de Jurysmember Eric Lehmann nom éischte Casting-Dag.

Gesonge gouf gréisstendeels a cappella. Dat haaptsächlech op Englesch a Franséisch ma deels och op Lëtzebuergesch, Däitsch, Portugisesch an esouguer op Serbesch. Vereenzelter hu sech selwer op der Gittar oder um Piano begleet oder hunn eng musikalesch Begleedung matbruecht. Doduerch hätte sech déi meescht Kandidate fir méi e luest Lidd entscheet. De Jury hätt sech méi Up-Tempo Lidder gewënscht ma et géing een dëst als Verbesserungsvirschlo mat an dat nächst Joer huelen an eventuell Background-Musek wärend den Auditiounen erlaben.

Déi bescht Sänger a Sängerinne wäerte sech da spéider mat deene Kandidate moossen, déi an der Museksbranche schonns méi etabléiert sinn an eege Lidder am Repertoire hunn. D'Finaliste wäerten dann de 27. Januar an enger grousser Tëleesshow an der Rockhal géinteneen untrieden an de Gewënner representéiert Lëtzebuerg dann am Mee um ESC zu Malmö.