D’Lëtzebuerger Musekszeen ass dem Opruff, fir bei der Preselektioun fir den Eurovision Song Contest matzemaachen, nokomm.

Iwwer 400 Lidder sinn agereecht ginn. Dat si méi wéi 20 Stonnen nei Musek vu Sängerinnen a Sänger, déi de Krittäre fir eng Aschreiwung entsprach hunn.

D'Lidder sinn an de leschte Wochen a Museksstudioen zu Lëtzebuerg oder am Ausland entstanen. Iwwer 200 Museksproduzenten hunn dofir mat de Museker aus dem Grand-Duché kooperéiert. Egal ob Solosängerinn a -sänger, Duett oder Band, jiddereen konnt sech mellen. Déi eenzeg Konditiounen: d'Lidder mussen nei sinn, däerfe keen diskriminatoreschen oder politeschen Text hunn a net méi laang wéi 3 Minutte sinn. Bei der Sprooch sinn et keng Virgabe ginn. Zënter 1999 gëtt et  do keng Virgabe vun der European Broadcasting Union (EBU) méi, déi den Eurovision Song Contest organiséiert.

Am November wäert eng Jury entscheeden, wéi eng vun deene Lidder an eng méi enk Auswiel kënnt. Déi ausgewielte Sängerinnen a Sänger wäerten dann de 27. Januar nächst Joer an enger Live-Show op RTL Tëlee Lëtzebuerg optrieden an d'Spectateure kënne mat ofstëmmen, wien eist Land soll um Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö vertrieden. De 7. an 9. Mee 2024 sinn déi zwou Halleffinallen an den 11. Mee 2024 ass déi grouss Finall, fir déi sech Lëtzebuerg muss qualifizéieren.

Mir hu verschidde Museksproduzenten am Virfeld am Tounstudio besicht a krute vun hinnen en Abléck wéi d’Lëtzebuerger Musekszeen sech den Ament op den ESC virbereet.

"D'Eurovisioun ass schonn eng Show, déi weltwäit vill gekuckt gëtt an dat ass fir e Lëtzebuerger Artist eng grouss Saach. Et bréngt menger Meenung no Verännerunge mat sech an dem Sënn, dass en Artist oder eng Grupp all Joer kann international e Forum kréien, den immens grouss ass a staark. An och eng gutt Pub maache fir Lëtzebuerg a weisen, dass mir och vill wonnerbar Artisten hunn. Ech kennen och vill vun den aneren, déi matmaachen a mir sinn net a Konkurrenz. Ech gënne jidderengem, dass en dobäi ass bei der Eurovisioun, well hei gëtt et e grousst Potential u Museker a Gruppen, déi net oft de Succès hunn den se verdéngen", erzielt eis den  Anselme Pau, Komponist a Museksproduzent.

Dem DJ a Museksproduzent Paco Gualandris no, hätt den ESC och e positiven Impakt op d'Lëtzebuerger Museksstudioen: "Et sinn der och vill, déi kommen da bei mech, well déi hu scho bei anere Museksstudioen ugefrot an di waren och all ausgebucht. Dat heescht, ech denken dass di ganz Museksstudio-Welt hei a Lëtzebuerg och vum Eurovision profitéiert."

Dem Songwriter a Produzent Tom Gatti no, géif den ESC d'Leit dozou undreiwen, hiert Bescht ze ginn: "Wa mer iergendwann eng Kéier wëllen uewe matspillen, da musse mer alleguer Gas ginn an da kënne mer och ganz vill héchstwarscheinlech léiere vun deene méi etabléierten auslännesche Produzenten. Ech krut jo scho bësse mat lénks a riets wien alles mat schreift an do sinn deelweis high-end Profiller mat dobäi. Dat bréngt jidderengem eppes. Dat bréngt den Artisten eppes. Dat bréngt mir als Produzent eppes well ech gepushed gi besser ze schaffen, fir e bessere Song ze schreiwen. Ech denken, dass dat e Gewënn fir d'ganz Zeen ass."

An den nächste Woche wäerte mer am Magazin op der Tëlee Reportagë ronderëm d'Museksproduzente weisen, déi fir d'Preselektioun Lidder produzéiert hunn.