De Ralph Siegel ass 1974 déi éischte Kéier mat engem Lidd beim Eurovision Song Contest gestart, an zwar fir Lëtzebuerg.

Elo reecht hie fir Malmö 2024 nach emol Lidder an an tentéiert seng Chance. Hien ass e vun den 200 Museksproduzente weltwäit, déi un den iwwer 400 Lidder bedeelegt sinn, déi fir d'Lëtzebuerger Preselektioun eragereecht gi sinn.

Bis haut huet hien u 25 verschiddenen Eurovision-Song-Contest-Editiounen deelgeholl. Keen anere Museksproduzent huet esou dacks Lidder dobäigehat. Sängerinnen a Sänger aus 6 verschiddene Länner si mat senge Lidder op den ESC-Bünen opgetrueden: Däitschland, Lëtzebuerg, Schwäiz, Montenegro, Malta a San Marino. Déi éischte Kéier huet hien 1974 um ESC deelgeholl an dat mat Lëtzebuerg. D'Ireen Sheer huet deemools mam Lidd "Bye Bye I love you " déi 4. Plaz erreecht. Am ganzen huet hie bis elo dräimol fir Lëtzebuerg deelgeholl, no 1974 nach 1980 mam Lidd "Papa Pingouin " an 1985 mam Lidd "Children, Kinder, Enfants ". Dem Ralph Siegel seng beschte Placéierung war 1982 déi éischte Plaz vum Nicole mam Lidd "Ein bisschen Frieden ".  
Dëst Joer schreift hie fir 3 verschidde Lëtzebuerger Lidder fir d'Preselektioun, mä och fir Museker aus anere Länner. Déi Lëtzebuerger Sängerinnen a Sänger konnt hie sech op Videoen eraussichen, déi vun de Casting-Participanten am Juli dëst Joer an der Rockhal, opgeholl gi sinn.

Bis den 1. Oktober konnte Leit hir Lidder fir d'Lëtzebuerger Preselektioun erareechen. Hinne war fräigestallt, en eegent Lidd eranzereechen, wat se selwer mat engem Museksproduzent vun hirem Choix produzéieren, oder duerch de Casting mat internationale Museksproduzenten a Kontakt ze kommen an ze kollaboréieren. Et hu sech Museksproduzenten aus der ganzer Welt gemellt fir mat Lëtzebuerger Museker ze schaffen.

D'Phas fir d'Erareeche vu Lidder fir d'ESC-Preselektioun ass ofgeschloss
Ganzer 459 Lidder goufe fir d'Lëtzebuerger Preselektioun vum Eurovision Song Contest eragereecht. Et hu sech Museksproduzenten aus der ganzer Welt gemellt.