Iwwer 400 Lidder, iwwer 20 Stonnen u neiem Museksmaterial sinn agereecht ginn, fir bei der Preselektioun fir den Eurovision Song Contest matzemaachen.
An den nächste Woche stelle mir Iech e puer vun deene Produzente fir. Dës Kéier krute mir en Abléck an d'Produktioun vun esou engem Lidd zu Déifferdeng am Mayfex Studio.
Den Anselme Pau ass de Komponist vum Lidd. Hie gesäit een net esou dacks virun enger Kamera, dofir huet een awer bestëmmt schonn dacks eppes vun him héieren. Hie schreift virun allem Museke fir Documentairen fir Tëleeschaîne wéi ARD, ZDF, NDR oder Arte. Hie schreift awer och d'Jingelen, zum Beispill huet een 20 Joer laang dem Anselme Pau seng Musek héieren, wann een den RTL ugemaach huet.
Vun der Musek, déi ee beim Picco Bello héiert, wann eng Boule bei déi nächst spréngt, bis hin zum Aspiller vum Kloertext oder dee vum Magazin, deen een nach bis dësen Abrëll dëst Joer konnt héieren, koum aus dem Anselme Pau senger Fieder. Donieft ass awer och Popmusek e Museksgenre, deen him vill Spaass mécht. "Ech maache jo vill Documentairemusek, Instrumentalmusek an heiansdo Popmusek. Dat ass éischter mäin zweete Beräich an dat mécht mech frou. Ech wollt schonn ëmmer Lidder maachen, déi d'Leit gären hunn, déi um Radio spillt."
Den Eurovision Song Contest ass déi gréisste Musek-Liveshow vun der Welt, déi Millioune Leit begeeschtert an och fir Leit an der Musekszeen eng grouss Chance ka sinn, fir international Kontakter ze knäppen.
Lëtzebuerg am Fokus vum ESC
Lëtzebuerg mécht 2024 fir déi éischte Kéier zanter 30 Joer nees um Eurovision Song Contest mat, dat gesäit den Anselme Pau ganz positiv. "All Joer kann een Artist oder eng Grupp een internationale Forum kréien, deen immens grouss ass a staark. Et ass och eng gutt Pub fir Lëtzebuerg an et kann een och weisen, dass mir och vill wonnerbar Artisten hunn."
Hie kennt selwer vill Leit, déi bei der Preselektioun matmaachen. "Mir si guer net a Konkurrenz an deem Sënn, ech gënnen dat jidderengem, dass deen dobäi ass. Hei gëtt et grousst Potential bei ville Museksgruppen an Artisten, déi net oft de Succès hunn, dee si verdéngen."
D'Leit hannert dem Lidd
Den Anselme Pau ass de Komponist, dat war awer just den Ufank. Hannert dem fäerdege Song stécht eng ganz Ekipp. Net mol nom Asangen am Studio ass et ganz fäerdeg, duerno gëtt nach gemixt an um Lidd geschafft, ier en da konnt leschte Sonndeg agereecht ginn.
D’Brigitte Libar ass d’Co-Produzentin vum Lidd, si ass selwer Sängerin, trëtt awer zanter puer Joer net méi op a fillt sech och fir de Projet Eurovision Song Contest ganz wuel hannert dem Mëschpult. "Ech si mat verantwortlech fir de Sound, mir hunn den Text zesummen entwéckelt an ech si fir d'Vocals zoustänneg."
Ëmmer nees geet si mat der Sängerin d'Lidd duerch. D'Laura Lorente kennt d’Brigitte Libar an den Anselme Pau scho laang. 2002 huet si an enger Castingshow bei RTL Lëtzebuerg gewonnen a war Deel vun ODC, der éischter Castingband zu Lëtzebuerg.
E Lidd mat engem Message
D'Thema hunn d’Brigitte Libar, d’Laura Lorente an een amerikanesche Songwriter zesummen entwéckelt an dunn och den Text drop geschriwwen. Et ass een Thema, dat hinne wichteg ass. Et geet dorëms, Fraen ze encouragéieren, déi un haislecher Gewalt leiden.