De Johan Jämtberg huet schonn eng Dose Kéiere beim ESC a beim Junior ESC matgemaach.

Säin an dem Kurt Calleja säi Lidd "This is the night" huet et 2012 souguer bis an d'Finall gepackt. Ma och scho laang do virdru war de gebiertege Schwed aus Gävle e grousse Fan vum Song Contest. E puer vun de Lidder, déi et him iwwer d'Jore besonnesch ugedoen hunn, sinn de Gewënner vum leschte Joer - "Tattoo" vum Loreen - ABBA mat hirem "Waterloo" an d'Vicky Leandros wat 1972 mat sengem Lidd "Après Toi" zu Edinburgh fir Lëtzebuerg gewonnen huet.

De Eurovision Song Contest huet vill dozou bäigedroen, dass de Johan méi spéit decidéiert huet, seng Passioun fir Musek zu engem Beruff ze maachen. Virun 20 Joer gouf zu Gävle e Jugendprojet lancéiert, fir Artisten tëschent 8 an 18 Joer ze coachen. Iwwer d’Joren huet sech dat dunn awer zu engem richtege Studio fir jonk Artisten entwéckelt, wou och e puer méi bekannt Talenter an an aus gaange sinn, zum Beispill d'Zara Larrson.

Säi Parcours huet de Johan och dozou bruecht ëmmer erëm Lidder fir de Junior Eurovision an duerno fir den Eurovision ze schreiwen an ze produzéieren. Dëst Joer soll keng Ausnam ginn. Am Ganzen huet hie sech dräi Lëtzebuerger Kandidaten ausgesicht, mat deenen hie potenziell ESC-Lidder geschriwwen, produzéiert an agereecht huet. Heivir huet hien ewéi sou dacks mam schweedesche Produzent Christoffer Jonsson zesummegeschafft.

Wann eent vun hire Lidder zum "Lidd" géif ginn, wat dem Grand-Duché säi Retour beim Song Contest géif markéieren, wier dat een onbeschreiflecht Gefill, sou de Johan Jämtberg. "Et géif eis esou vill bedeiten, Deel dovunner ze sinn, virun allem, well mir all Lidd fir dee spezifesche Sänger / Sängerin geschriwwen hunn."