Iwwer 400 potenziell ESC-Lidder goufe fir Lëtzebuerg produzéiert. E puer dovu sinn zu Steebrécken beim Tom Schmitz entstanen.
An eiser Serie ronderëm d'Auteure stelle mir Iech der e puer vun hinne vir. Dëst Kéier besiche mir den Tom Schmitz doheem a sengem Studio.
Eent vun de Lidder, un deem hie geschafft huet, dat ee villäicht kennt, ass den Télévie-Song 2018. An ënnert dem Numm "Farmer and friends" bréngt hien all Mount e Lidd mat engem anere Kënschtler eraus. Obwuel dat, nieft sengem Beruff als Proff, nëmmen en Hobby ass, bréngt hien also eng sëllegen Erfarung mat.
Elo wollt hien en neien Challenge an huet sech als Produzent fir de Eurovision Song Contest ugemellt. Zwee Lidder huet hie mat zwee verschiddene Sänger eragereecht. Eent dovun esouguer an zwou Versiounen, also insgesamt eigentlech dräi Lidder. Besonnesch wichteg ass et dem Tom, dass d'Museker wärend dem Prozess ëmmer matschwätze kënnen.
"Ech maachen dat hei jo net, fir Geld ze verdéngen. Ech maachen et just, well et Spaass mécht. An et mécht och just Spaass, wann et jidderengem Spaass mécht. Dofir kann och jidderee matschwätzen, seng Meenung soen, a säin Input ginn."
Fir den ESC huet hien ënnert anerem mam Armand Thies zesummegeschafft. Déi zwee kenne sech scho méi laang an et ass och net déi éischte Kéier, dass den Armand beim Tom am Studio steet. "Ech war schonn a ville Studioen a beim Tom ass et einfach esou, dass hien ee bei allem abënnt. Dat heescht, hie schreift zwar de Song, mee da kommen Ännerungsvirschléi vu mir, Ännerungsvirschléi vun him. Dat ass einfach mega, well dat ëmmer konstruktiv Kritik ass an domadder kann ee schaffen."
Zwee Lidder hunn den Tom an den Armand zesumme produzéiert a sinn och ganz zefridde mam Resultat. Ob eent dovun dat Lidd ass, dat eist Land schlussendlech zu Malmö vertrëtt, bleift ofzewaarden.
Am November wäert eng Jury entscheeden, wéi ee Lidd et an déi nächst Ronn packt. Déi ausgewielte Finaliste musse sech dann de 27. Januar an enger Live-Show op RTL Télé Lëtzebuerg beweisen an d'Spectateure vu sech iwwerzeegen. Et bleift deemno spannend, ma deen éischte grousse Schrëtt ass gemaach.