Beim Packo Gualandris an den "Oberkorn Studios" war duerch den Eurovision Song Contest déi lescht Méint eng méi lass.

Dass Lëtzebuerg nees beim ESC matmécht, mierkt de Produzent, DJ a Studiobesëtzer virun allem, wann hie säin Agenda kuckt, dee war nämlech gutt voll: "Ech hu mech wierklech elo missen andeelen an hat kaum Pausen an de leschte Wochen, well ech awer da jiddereen och wollt ënnerstëtzen a sengem Projet."

Als Produzent vum Lidd ass et seng Aufgab, den Iwwerbléck vum Projet ze hunn an alleguerten d'verschidden Elementer an Iddien ze sammelen an ze kucken, dass dann duerno eppes Ganzes dorausser entsteet.

D'Rose Stanley dogéint, ass d'Songwriterin. Si hat d'Iddi, fir ee Lidd an huet et geschriwwen. Dat huet si fir d'Lëtzebuerger Preselektioun agereecht. Duerno konnt si sech aus der Kategorie "Sänger ouni Lidd" Artisten eraussichen. Dobäi huet de Casting gehollef, deen am Juni an der Rockhal war. Deen ass gefilmt ginn a si konnt sech déi verschidden Optrëtter a Rou ukucken an dann déi kontaktéieren, mat deene si schaffe wëll.

Een ass hir do ganz besonnesch an d'A gefall: "Den Nicolas ass mir opgefall, well et ee Lidd war, dat speziell war an ech nach ni virdrun héieren hunn. Déi aner Leit waren do méi virsiichteg, fir Lidder rauszesichen. Et huet mir gewisen, dass hie keng Angscht huet, e Risiko ze huelen an ech konnt gesinn, dass hien eng interessant Stëmm huet. Am Fong hunn ech réischt duerno gemierkt, wéi interessant seng Stëmm wierklech ass. Hien huet e fantastesche Spektrum a kann héich Nouten op eng aussergewéinlech Aart sangen. Ech mengen, et wäert iech gefalen."

Den Nicolas Delpierre ass de Sänger vum Lidd. Nodeems hie kontaktéiert gouf an och mam Rose Stanley wollt zesummeschaffen, hu si zesummen nach den Text an d'Lidd no hire Virstellunge verännert. Réischt wéi d'Basis kloer war, si si domadder an de Studio gaangen. Am ganzen hu si zwee Lidder zesumme produzéiert.

Haaptberufflech ass d'Rose Stanley juristesch Iwwersetzerin, den Nicolas Delpierre ass Infirmier. Beim Eurovision Song Contest geet et drëms, nei Verbindungen a Gemeinsamkeeten duerch d'Musek ze fannen. A laang ier et iwwerhaapt op déi grouss Bün geet, geschitt genee dat hannert de Kulissen, wann zu Lëtzebuerg an am Ausland fir dat Lidd geschafft gëtt, dat Lëtzebuerg dann eng Kéier vertriede wäert.