Fir säin neien Album virzestellen huet de Salvador Sobral e Concert an der Philharmonie gespillt. Mir kruten en exklusiven Interview.
30 Joer huet kee méi fir Lëtzebuerg un engem Eurovision Song Contest deelgeholl. Fir ze wësse wéi dat ass a sech ufillt, muss een deemno Sänger aus anere Länner froen. Wéi de portugisesche Sänger Salvador Sobral. 2017 huet hie fir Portugal deelgeholl, a gewonnen.
De Salvador Sobral stoung déi éischte Kéier an der Primärschoul fir eng Chrëschtfeier op der Bün. Zënterhier ass Musek a Gesang net méi aus sengem Liewen ewechzedenken. Seng Schwëster huet him d'Lidd "Amar pelos dois" geschriwwen, mat dem hien et um ESC 2017 op déi éischte Plaz gepackt huet. Mat insgesamt 758 Punkten, esou vill wéi nach kee virun him kritt hat, huet hie gewonnen. Eng Victoire op déi Portugal 53 Joer huet misste waarden. Ganz gär kuckt hien net op dësen Optrëtt zeréck, well et him deemools gesondheetlech net gutt gaangen ass. E puer Méint duerno krut hien en neit Häerz transplantéiert. Dat a seng Victoire hu säi Liewe komplett verännert. Den Eurovision Song Contest ze gewannen, hätt him all d'Dieren opgemaach an elo kéint hien op ville Bünen op dëser Welt spillen.
Dem nächste Lëtzebuerger ESC-Vertrieder gëtt hie Folgendes mat op de Wee: "Déi Persoun, déi Lëtzebuerg wäert representéieren, soll einfach eppes maachen, un dat e gleeft. Well d'Leit, déi mierke wann een eppes sengt un dat een net gleeft. D'Leit mierke wann een eppes mécht, op dat een houfreg ass a wat ee wierklech verkierpert. Et muss ee just éierlech mat sech selwer sinn. Et ass e bëssen e Cliché, mee et ass d'Wouerecht."