E Mëttwoch ware se lancéiert, déi éischt vun dräi Auditions fir den Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö a Schweden.

Dës Kéier da mat enger internationaler Jury. Neiland ass et quasi fir jiddereen, net just fir d'Leit an der Organisatioun, fir d'Kandidaten, déi d'Preselektioun iwwerstanen hunn, oder nach d'Journalisten, ma och fir de Jury. Ëmmerhi war Lëtzebuerg fir d'lescht 1993 beim ESC vertrueden. Fir déi meescht vun der Jury war et déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass si zu Lëtzebuerg sinn. Vill gesinn hu si nach net vum Land, hiren Haaptfokus läit jo och drun, DE Kandidat ze fannen, dee sech fir Lëtzebuerg ka behaapten an deemno wéi den Eurovision Song Contest 2024 och gewënnt.

Bis dohin ass et awer nach e Wee. Zwou Auditions ginn et jo nach...

Déi mannste vun eis si sech bewosst, wéi grouss d'Freed war, op nationalem, ma virun allem awer op internationalem Niveau, dass Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer nees beim ESC dobäi ass. Fir e klengt Land huet de Grand-Duché dann awer schonn eng grouss ESC-Virgeschicht. Fënnef Mol hu mir den Eurovision Song Contest gewonnen, just Irland (7 Mol) a Schweden (7 Mol) hate scho méi dacks Erfolleg.

"Den Enthusiasmus" wier enorm, seet d'Tali Eshkoli, Produzentin fir Lëtzebuerg beim ESC. Laang gouf drop gewaart, dass Lëtzebuerg nees dobäi ass, confirméiert och de Christer Björkmann. Et wier eng "grouss Responsabilitéit an e groussen Challenge" als Jurymember eng Kandidatin oder e Kandidat ze fannen. Hir Aufgab wier et, "dat Bescht aus all Artist erauszehuelen", dee wärend den Auditions op der Bün steet.

Den Challenge fir d'Kandidaten ass et, an deene knapp 10 Minutten op der Bün, de Jury dovun z'iwwerzeegen, dee Beschten ze sinn. Munch engem huet een d'Nervositéit dann och ofgesinn, egal ob en elo eemol oder dräimol huet dierfen optrieden. Sou zum Beispill d'Daria. Déi 27 Joer al Actrice huet zwar Bünenerfarung, eleng schonn duerch hir Theater-Formatioun, ma dat hei wier dann awer nach eng Nummer méi grouss.

D'Barkissa dogéint, 22 Joer jonk, war net sou opgereegt. Wéi hir Virgängerin Daria konnt si sech e puer Mol op der Bün der Konkurrenz stellen. Fräi nom Motto "aller guten Dinge sind 3", war et dann och den drëtten Optrëtt, deen um Enn komplett geklappt huet.

Nëmmen een Optrëtt hat dogéint de Mirko, 45 Joer, mat "sengem Schiet". De Schiet ass an dësem Fall säin Zwillingsbrudder, op deen d'Lidd gemënzt ass an deen dofir och en Deel vu senger Performance op der Bün ass. Als groussen ESC-Fan wier et him eng Éier, zemools och fir d'Land Lëtzebuerg, dat schonn esou laang net méi dobäi war, matmaachen ze kënnen.

Guer net nervös dogéint war den Isaac Roosevelt. Hien zielt schonn zu den alen Huesen am Business an iwwerzeegt eleng schonn duerch säi Charisma. Hien dierft duerch seng Band "Funky P" ville Leit e Begrëff sinn, ma hie stoung schonn op méi grousse Bünen an och scho virun enger grousser Jury. Deemno dierft den Isaac méi Leit bekannt sinn duerch seng Participatioun bei der däitscher Castingshow "The Voice".

Et bleift also nach spannend, wéi et déi nächst Deeg weidergeet. Sinn all d'Kandidatinnen a Kandidate gesinn a gelauschtert, an där sinn et der eleng bei den Auditions iwwer 50, kommen natierlech just déi Bescht weider. Déi ginn Ufank Dezember bekannt gemaach. Am Januar musse si dann nach emol optrieden an enger Liveshow de 27. Januar, wou dann de Public dierf matbestëmmen.