Et kann een d'Opreegung um zweeten Dag vun den ESC-Auditions quasi spieren.

Fir d'Leit an der Organisatioun ass um zweeten Dag d'Opreegung raus. Et weess ee scho wéi et ofleeft, et weess ee, wat kënnt. Fir munch Kandidatin oder Kandidat, deen en Donneschdeg um zweeten Dag vun den Auditions optrëtt, ass op enger grousser Bün stoen, dann och keen Neiland méi.

Eppes, wat déi meescht Sängerinnen a Sänger gemeinsam hunn, si kennen den ESC aus hirer Kandheet. Hu mat den Elteren den Eurovision op der Tëlee suivéiert.

Ee Kënschtler mat vill Bünenerfarung ass ganz sécher den Edsun. Hien huet schonn als Kand ëmmer gesongen a gedanzt, ass antëscht zanter 10 Joer an der Musekswelt hei am Land etabléiert. Beim ESC dobäi ze sinn, ass eng grouss Chance: "Op esou enger grousser Bün ze stoen, hei huet ee vill méi Moyenen. A Performance ass dat, fir dat ech liewen."

Mat CHAiLD, ob eleng oder zesumme mam Maz Univerze, ass e weidere Kandidat mat Erfarung opgetrueden. Si haten dann och zwee Lidder am Gepäck, fir de Jury z'iwwerzeegen. Eent, dat scho released gouf a gutt hei am Land bei de Fans ukomm ass an e ganz Neit. Beim ESC dobäi ze sinn, domat geet "en CHAiLDhood-Dream an Erfëllung". Weiderkomme géif fir den Duo net just "d'Welt bedeiten", et wier net just e grousse Sprong fir d'Karriär, mä och fir si perséinlech.

Eng aner bekannte Stëmm dierft déi vum Kelly Decker sinn. Déi jonk Sängerin stoung net fir d'éischt an hirem Liewe virun engem grousse Jury. 2017 hat si et mat zaarte 16 Joer bei der däitscher Gesangsshow "Deutschland sucht den Superstar" bis an de Recall gepackt. "Do war ech nach e klengt Kand, dat hei ass anescht", sot si no hirem Optrëtt. E Flashback hat si deemno net a war deementspriechend och däitlech manner nervös, och wann "d'Konkurrenz wierklech grouss ass".

Eng Band mat Experienz ass dann och One Last Time. Déi 5 Bandmembere sinn all hei am Land grouss ginn an hunn den ESC aus hirer Kandheet kannt. Déi eng méi, déi aner manner. Et hätt ee sech awer ëmmer gefrot, wisou de Grand-Duché net dobäi wier. Fir de Sänger Andrea Galleti ass eppes kloer: "ech sinn 1993 gebuer, ech huelen dat als Zeechen". 1993 war jo dat dat lescht Joer, wou Lëtzebuerg beim Eurovision dobäi war. Den Drock wier grouss: "Et huet ee vill Pressioun. Normal hues de eng ganz Show, do fale Feeler net sou op. Hei hues du just déi eng Chance".

Dat sinn natierlech just e puer vun de Kandidatinnen a Kandidate, déi mer befrot hunn. Eppes hu se alleguer gemeinsam, se kënne sangen an dat immens gutt. De Jury wäert et sécher net einfach kréien, do eng Selektioun ze maachen.

"Natierlech erwaarde mir eppes Spektakuläres no 30 Joer"

Fënnef Jurysmemberen entscheede wéi eng Sängerinnen a Sänger et an d'Finall vun der Lëtzebuerger Preselektioun packen. Et sinn international Museksexperten, déi zanter Jore beim Eurovision Song Contest dobäi sinn, sief et als Sänger, Coach, Responsabele vun enger Delegatioun oder Produzent vun der grousser ESC-Tëleesemissioun. D'Lëtzebuerger Organisatiounsekipp huet sech bewosst fir eng auslännesch Jury entscheet, seet den Dave Gloesener, responsabel fir d'Eurovisioun bei RTL:

"U sech ginn et zwee Grënn dofir. Den Éischten ass well mer elo 30 Joer net matgemaach hunn, als Lëtzebuerg hu mer einfach d'Experienz vun der Eurovisioun net méi. Mir wësse vläicht net richteg, wat bei der Eurovisioun den Ament ukënnt a wat net. Dofir hu mer eis Eurovisioun-Experten zur Säit geholl. Den zweete Grond ass, well zu Lëtzebuerg natierlech d'Land kleng ass. Mir wëssen dat. Mir wollten einfach déi gréisst méiglech Neutralitéit hunn, fir einfach neutral bewäerten ze loossen, wat an der Lëtzebuerger Musekszeen disponibel ass. Dofir hu mer eis fir déi international Jury decidéiert."

Eng Jury, déi frou ass, dass Lëtzebuerg rëm bei der grousser Eurovisioun-Show dobäi ass, mä och héich Erwaardunge fir de Lëtzebuerger Comeback huet.

Den Alex Panayi, e griichesch-zypriotesche Sänger a Komponist, huet um Berklee College of Music zu Boston (U.S.A.) studéiert. Zwee Mol huet hie selwer als Sänger um Eurovision Song Contest deelgeholl. Hie seet vu sech selwer, dass hien "Si la vie est cadeaux" vum Corinne Hermes rop a rof gelauschtert huet als Kand. Fir de Comeback erwaart hien e groussen Optrëtt vu Lëtzebuerg:

"Lëtzebuerg muss op eng dynamesch Manéier zeréckkommen. Et geet net drëms, einfach e Lidd dohinner ze schécken an da war et dat. Et geet drëms, eng Ausso ze maachen, denken ech. Mir sinn zeréck a mir verdéngen et zeréck ze sinn, a mir kënne gewannen."

D'Tali Eshkoli ass zënter 20 Joer beim Eurovision Song Contest aktiv. Si war responsabel fir déi israeelesch Delegatioun huet do Preselektiounen organiséiert an och 2019 déi grouss ESC-Tëleesemissioun zu Tel Aviv. Jiddereen kuckt hirer Meenung no genee op Lëtzebuerg dëst Joer:

"D'Erwaardunge sinn extrem héich. An d'Empathie an den Accueil vun der Wel ass fantastesch. Well jidderee sech eppes erwaart, mä am Positiven."

De Jan Bors war vun 2016 bis 2020 de Responsabele vun der ESC-Delegatioun fir d'Tschechesch Republik a produzéiert Tëleesemissiounen a Liveshowen. Seng Erwaardungen un d'Lëtzebuerger Lidd fir de Comeback sinn immens héich:

"Et ass e groussen Drock op Lëtzebuerg, selwecht wéi op all anerem Land. Mä natierlech erwaarde mer eppes Spektakuläres no 30 Joer. An ech hoffen dass mer dat ze gesi kréien."

De Cesár Sampson ass éisträichesche Sänger a Gesangscoach. Hien huet Éisträich beim Eurovision Song Contest 2018 zu Lissabon vertrueden an huet do déi drëtt Plaz erreecht. Hien denkt, dass Lëtzebuerg den ESC kéint beräicheren:

 "Im Endeffekt entscheidet die Musik und die Künstler. Ich glaube es ist alles möglich. Ich glaub nicht, dass nur weil man Newcomer ist einen Nachteil hat. Es kann auch genau das Gegenteil sein. Der Neue bringt neuen frischen Wind in den Wettbewerb. »

Déi fënnef Jurymemberen hunn eng Missioun. Si wëlle Lëtzebuerg hëllefen, de beschtméiglechsten Optrëtt beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö ze presentéieren.

De Christer Björkman ass e schwedesche Sänger an Tëleesproduzent. Hien ass zanter ville Jore mam ESC verbonnen, huet selwer 1992 als Sänger fir Schweden deelgeholl, huet schonn d'Show puer Mol produzéiert a wäert och déi nächst ESC-Show zu Malmö produzéieren.

"Et ass mer eng Éier hei an der Jury an Deel vun dëser Ekipp ze sinn, déi Lëtzebuerg wäert hëllefen e gutt Resultat beim ESC-Comeback ze erreechen."