Anescht wéi e Mëttwoch an en Donneschdeg, waren d'Auditions net am Nomëtteg. Fir déi éischt Kandidaten huet de Wecker nawell méi fréi gerabbelt.

Kuerz no 10 Auer stoung déi éischt Kandidatin op der Bün. Och een, deen net selwer séngt, ka sech virstellen, dass dat en Challenge ass. Et ass een nach midd an d'Stëmm ass deemno wéi och nach net waarm geschwat. D'Tali, 22 Joer, stoung net just als éischt op der Bün, dobäi koum nach Jetlag wéinst enger Urees aus New York.

Schwiereg, esou fréi ze sangen, huet awer och eng aner Sängerin fonnt, déi dofir awer eng gutt Portioun méi Bünenerfarung mat am Gepäck hat. An awer huet eng gewëssen Nervositéit matgespillt kuerz virum Optrëtt, sou d'Thorunn: "Ma soubal wéi ech op der Bün sinn, leet dat sech. Et ginn engem ëmmer vill Gedanken duerch de Kapp wann ee performed." Op d'Fro, wat si sech vum Optrëtt beim ESC erwaart, sot d'lëtzebuergesch-islännesch Sängerin: "Ech gi mam Flow. Dat hei huet sech gebueden an da sinn ech natierlech gär dobäi."

Ee vun den éischte männleche Sänger war de Jonathan Reichling. Ville Leit sécher manner e Begrëff, bréngt hien awer schonn 10 Joer Musekserfarung mat, zum Beispill mam Remake vum Jangli. Mat zwee Lidder huet hie sech bei der Jury ënner Beweis gestallt, hat awer virun e puer Deeg nach en drëtt Lidd proposéiert kritt: "Dat konnt ech net maachen, et war einfach ze kuerz. Mä et war sou e flott Lidd, perfekt fir den ESC, et war awer einfach ze schwiereg, fir dat no sou kuerzer Zäit hinzekréien. An ech wollt dat net hallefhäerzeg maachen." Hien huet allerdéngs awer och missen iwwerriet ginn, fir matzemaachen: "Ech kennen der, déi dobäi sinn an ech wollt hinnen dat loossen."

E Sänger, dee sécher méi Leit kennen, ass den Josh Island. Säin neisten Album koum och réischt am September eraus, eng Europatour a véier Länner gouf et och. "Ech si frou, dass den ESC endlech zréck ass. Ech hu mech ëmmer gefrot, wisou Lëtzebuerg net dobäi ass. Ech mengen, dat ass sou eng Aart Hassliebe", sou de Sänger no sengem Optrëtt. Hien huet direkt no der Annonce, dass de Grand-Duché nees dobäi ass, gemierkt, dass d'Musek-Community sech méi no komm ass, national wéi och international. "Den Hype am Ausland ass enorm an ech fille mech geéiert, dobäi kënnen ze sinn."

Ee vun de wuel jéngste Kandidaten ass de Melvyn Schartz, en 19 Joer jonke Schüler am Lycée Aline Mayrisch. Hie stoung zwar net eleng op der Bün, d'Bandkomerode waren als Verstäerkung dobäi - all ëm 16 Joer - an awer war d'Opreegung grouss. "Mir war et richteg schlecht virum Optrëtt. Lo dono geet et nees. Et denkt ee sech ëmmer do waren een, zwee Feeler, dat hätt ech kënne besser maachen, mä ech sinn awer zefridden." Fir d'Schoulband war et den éischten Optrëtt baussent der Schoul a si hoffen, dass dat hei just den Ufank ass. An d'Schoul geet et dono net méi, huet de Melvyn nach verroden, d'Proffen a seng Schoulkomerode wëssen all Bescheed.

De leschten Optrëtt virun der Paus hat d'Emilie. Fir si hat dësen eppes Perséinleches. 2015 stoung d'Sängerin scho virun engem Jury, dat war bei "The Voice" a Frankräich. Ma deemools war dat zu der Zäit vum Attentat zu Paräis, d'Emilie huet de Casting dowéinst ganz anescht wouergeholl. Net weiderkommen, koum nach dobäi. Elo beim ESC ass et en neien Ulaf, och wann d'Aschreiwen op Initiativ vu Kolleege geschitt ass. D'Emilie gesäit d'Participatioun als positiv fir sech selwer, egal wéi wäit de Wee lo geet.


Wéi erlieft d'Ekipp am Backstage den Eurovision-Hype?

Kënnt een zur Dier eran, kënnt een net laanscht eng Persoun: d'Viviane Folscheid, Coordinatrice am RTL-Backoffice, a fir eis am Hannergrond d'Fra fir alles. D'Viviane huet op alles eng Äntwert a wann net, da weess et, wie se huet. Fir vill Leit ass den ESC en Event, deen een an der Famill zesumme gekuckt an erlieft huet. Dat gëllt och fir d'Viviane: "Ein bisschen Frieden, doru kann ech mech nach erënneren." Dat war d'Gewënner-Lidd vum Nicole am Joer 1982. Lo ass et anescht. "Dat hei ass scho méi eng grouss Nummer", an et ass net deen éischte Casting, bei deem d'Viviane matgeschafft huet, "eleng schonn duerch déi international Jury."

Vun Ufank u mat dobäi ass d'Lisa Jentsch, Member vun der Mag-Ekipp beim RTL. D'Lisa huet den Eurovision Song Contest och doheem mat der Famill gekuckt, awer méi niewelaanscht. Eenzel Erënnerungen huet et aus där Zäit nach, ma bei dësem ESC wäert dat anescht sinn. Et wier flott, dass Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer nees dobäi ass an dat och nach esou aktiv matzeerliewe vun Ufank un. Et huet ugefaange mam Reportage iwwer d'Preview-Night: "Ech wousst guer net, dass et dat hei am Land gëtt. Dass dat esou eng grouss 'Bubble' ass an ech hu mir dat guer net esou virgestallt."

De Jeff Spielmann, Chef vun der Programmatioun bei RTL an ënner anerem zoustänneg fir d'Press beim ESC, seet och, den Interêt fir Lëtzebuerg wier immens grouss: "D'ESC-Welt stoung Kapp. Et huet eng rise Well an der Communautéit ausgeléist." Den haarden Oflaf mat der Jury an d'Koordinatioun mat de Medien, wier schonn e flotten Challenge an elo scho kommen Ufroen aus dem Ausland fir d'Finall am Januar. Et wier schonn alles iwwerwältegend an och flott, dat esou matzeerliewen. Eppes war dem Jeff wichteg ze soen: "Et soll en Event fir d'Land sinn, net just fir RTL."

Wat wier en Artikel ouni Fotoen? Fir eis mat dobäi ass de Steve Müller. Zanter 2008 ass hie scho fir RTL mat sengem Fotoapparat am Asaz, d'Concertshale säin zweet Doheem. Do war et net vu Muttwëll, de Steve fir den Eurovision mat u Bord ze huelen. Deen een oder aneren Tipp konnt ee sech als Journalist och nach vun him huelen. "Et ass flott mat virbäi ze sinn an ech war vun Ufank u mat dobäi. Ech kenne se all", och wann hien d'Finalisten nach net kennt. "Et ass mol eppes anescht, net wéi soss an der Rockhal, wou et heescht 'dräi Lidder, kee Blëtz'."

Mir hunn natierlech och d'Haaptpersounen hannert dem Eurovision Song Contest fir Lëtzebuerg befrot. Wéi den David Gloesener, Head of Eurovision Song Contest fir Lëtzebuerg an den Eric Lehmann, Coordinateur fir den Eurovision beim RTL, den ESC erliewen, erziele si am kommende Sonndesinterview.