Am Sonndesinterview schreiwen ech dës Woch iwwert perséinlech Andréck an iwwert d’Ekipp bei RTL, déi de Casting mat organiséiert.

En Donneschdeg am spéiden Nomëtteg sinn ech selwer bis an d’Rockhal luusse gaangen.

D’Rockhal kënnen ech gutt, wëll ech selwer gären op Concerte ginn. Esou eidel hunn ech se nach net gesinn. D’Musekerinnen a Museker, déi ech begéint hunn, waren zum Deel nervös bis extrem konzentréiert. Fir déi meescht vun hinne wier et e groussen Dram, zu Malmö Lëtzebuerg no knapp 30 Joer nees ze vertrieden.

D'Lëtzebuerger Organisatiounsekipp besteet aus dem Dave Gloesener, dee Responsabel fir d'Eurovisioun bei RTL ass, an dem Eric Lehmann, dee sech ënnert anerem ëm d'Selektioun vum Kandidat bekëmmert a Lëtzebuerger Delegatiounschef ass. Ech hu mat deenen zwee geschwat an um zweeten Dag hu se sichtlech entspaant an zefridde gewierkt.

"Mir wollte bei der Rees dat ganzt Land mathuelen"

"Et wäert net einfach ginn, d’Kandidate fir d’Finall erauszesichen", esou den Dave Gloesener. Et wieren immens vill gutt Sängerinnen a Sänger do gewiescht. Och d’Titelen, déi virgedroe goufen, wiere vu schéi bis poppeg gewiescht.

Aus 500 Lidder wieren déi 70 beschten erausgesicht ginn. 50 Kandidate konnten elo wärend dräi Deeg virun enger internationaler Jury weisen, wat se kënnen, fir dann eventuell am Januar an enger Liveshow an der Rockhal opzetrieden.

Bei der ganzer Rees wollt een och dat ganzt Land mathuelen. "Et war fir eis kloer, dass mer de Publik an der Finall mat abannen", esou den Dave Gloesener. Dass um Ënn dee beschte Kandidat oder Kandidatin fir de Grand-Duché op der Bün géif stoen.

Et ass dem Eric Lehmann seng 25 Eurovisioun, wou en a senger berufflecher Karriär mat dobäi ass, et géif awer eng grouss Première ginn: Lëtzebuerg ass déi éischte Kéiere mat dobäi.

Lëtzebuerg als ale Bekannten, mat Chancen

Wéi dëst Joer zu Liverpool wärend der Show annoncéiert gouf, dass Lëtzebuerg nees mat dobäi wier, wier fir den Eric Lehmann bis elo dee flottsten Ament op enger Eurovisioun gewiescht. Op d’Fro ugeschwat, wéi d’Chancen da sti fir Lëtzebuerg, feele bei dem Eric Lehmann e kuerzen Ament d’Wieder.

"Et wéilt ee schonn dat Bescht draus maachen, mir sinn net nëmmen dobäi, fir dobäi ze sinn", esou den Dave Gloesener.

Wat wier dann, wa Lëtzebuerg gewënnt?

Den Dave Gloesener: "Da wiere mer ganz frou, da géife mer eng grouss Party maachen. An da géife mer den Dag nodeems mer gewonnen hunn ufänke mat plangen. Dann hu mer 1 Joer Zäit, fir déi gréisste Fernseeshow an Europa ze organiséieren."

Et hätt een op alle Fall e Plang, wann ee géif gewannen.

D’Lëtzebuerger Participatioun war fir mech nach e bëssen abstrakt. Wéi ech awer e puer vun de Kënschtler gesinn hunn nei Lidder performen, huet een dach gesinn, dass de Niveau extrem héich ass.

Vum Saz vun der Organisatiounsekipp "et ass een net nëmmen dobäi, fir dobäi ze sinn", ka jiddereen sech ugangs Dezember e Bild maachen, wann d’Finalistinnen a Finaliste verëffentlecht ginn.