Et ass schonn déi siwente Kéier, dass den internationale Gesangsconcours am skandinavesche Land organiséiert gëtt.

Bis den 12. Juni konnten d'Stied a Schweden eng Demande maachen, Ausdroungsplaz fir den ESC 2024 ze ginn. Um Enn hat sech Malmö géint Stockholm, Göteborg an Örnsköldsvik duerchgesat, wéi déi Europäesch Rundfunkunioun EBU de 7. Juli bekannt ginn hat. D'Stad hat du Mëtt September nach annoncéiert, dass si 30 Millioune Krounen investéieren, respektiv ronn 2,5 Milliounen Euro.

Iwwerbléck iwwert d'Datumen

  • de 7. Mee 2024 ass déi éischt Halleffinall
  • den 9. Mee ass déi zweet Halleffinall
  • an den 11. Mee ass d'Finall

Wie sinn d'Participanten a wat ass Viraussetzung

Fir unzefänken, ginn et déi sougenannte "Big-Five"-Länner, déi automatesch fir d'ESC-Finall qualifizéiert sinn. Dëst sinn Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien, souwéi Schweden als Gaascht- respektiv Gewënnerland 2023, duerch d'Victoire vun der Schweedin Loreen zu Liverpool mam Lidd "Tattoo".

All déi aner Länner musse sech an den zwou Halleffinalle qualifizéieren. Wéi eng Länner an de jeeweilegen Halleffinallen optrieden, gëtt ausgeloust. D'Reiefolleg vun de jeeweilegen Optrëtter decidéieren d'Produzenten, fir eng harmonesch Ofwiesslung am Duerchlaf unzebidden, souwéi den zäitgerechten Op- an Ofbau vun der Bünerequisiten ze erméiglechen. Tëscht de Lidder hunn d'Produzente vun der Show 40 Sekonnen Zäit, fir d'Zeenebild fir dat nächst Lidd virzebereeden.

Lëtzebuerg ass jo och nees dobäi, dat zanter der leschter Participatioun viru gutt 30 Joer. Ëmmerhin huet de Grand-Duché de Concours scho fënnef Mol gewonnen an ass trotz laanger Absence haut nach ëmmer drëtterfollegräichst Land an der ESC-Geschicht, eng drëtt Placéierung am Palmarès, déi mir eis mat den Englänner, Fransousen an Hollänner deelen.

Mat dobäi ass awer och Australien, als Member vun der EBU. Am Kader vum 60. ESC-Jubiläum 2015 huet Australien eng alleréischte Kéier dierfe matmaachen an dat direkt an der Finall, wat schonn eng eemoleg Situatioun war. Zanterhier ass Australien e reegelméissege Participant. D'Land huet e Kontrakt op siwe Joer mat der EBU ënnerschriwwen, fir all Joer dierfe matzemaachen. Dëst Joer gouf d'Zesummenaarbecht mam australesche Sender SBS nees erneiert, ma d'Konditioune fir d'Zukunft sinn nach onbekannt.

Kleng Anekdot zu Australien mat Hibléck op Lëtzebuerg

1984 hu si den Eurovision Song Contest  eng alleréischte Kéier live iwwerdroen. Dat Joer war Lëtzebuerg Organisateur, am Groussen Theater um Glacis. 2015, 30 Joer no der Diffusioun vum ESC an Australien a fir de 60. Anniversaire ze markéieren, huet d'EBU als Remerciement Australien invitéiert matzemaachen. Si musse sech och regulär an der Halleffinall ënner Beweis stellen.

All Land, dat wëll matmaachen, konnt sech bis de 15. September umellen a bis den 11. Oktober konnt ee seng Participatioun zeréckzéien, ouni dass Sanktiounen imposéiert ginn. De 5. Dezember huet den EBU dann déi definitiv Lëscht mat de 37 Länner verëffentlecht, déi offiziell beim Eurovision Song Contest 2024 dobäi sinn.

E puer Länner nach net definitiv

Nordmazedonien mécht wéi 2023 net mat beim ESC. Zulescht konnt sech Nordmazedonien 2019 fir d'Finall qualifizéiere an an den zwee Jore virdrun haten hir Kënschtler et just bis an d'Halleffinall gepackt. Fir 2024 gouf vum Sender MRT bestätegt, dass Nordmazedonien sech zeréckzitt, eng Participatioun fir 2025 awer envisagabel ass.

A Rumänien gëtt an deem Kader scho méi laang diskutéiert. De verantwortleche Sender TVR schafft nach ëmmer op eng zukünfteg Participatioun hin.

Suspendéiert Länner

2021 gouf Belarus offiziell vun der europäescher Rundfunkunioun ausgeschloss an däerf och bis op Weideres net beim ESC matmaachen. Zanter dem Amarsch vu Russland an der Ukrain ass dann och Russland ausgeschloss.

D'Slowakei hat Ufank Juni eng Participatioun aus interne Grënn refuséiert.

Den neie Sender TV Monaco huet de Fokus op den ESC nach net vollzunn, allerdéngs gëtt erhofft, de Mikrostat 2025 nees beim ESC ze begréissen.

Zanter wéini ginn et Ticketen?

Offiziell huet den Ticketverkaf den 28. November um 10 Auer ugefaangen. De Präis fir Kaarte läit jee no Show tëscht 13 an 330 Euro an et kritt ee se just iwwer de Site Ticketmaster Sweden.

Slogan "United By Music" bleift bestoen

De Slogan, deen extra fir den ESC 2023 zu Liverpool kreéiert gouf, gëllt net méi just fir Malmö, "United By Music" soll och fir all aner zukünftege Concours benotzt ginn.

De Slogan gouf vun der BBC kreéiert a sollt de Partenariat tëscht Groussbritannien als Ausdroungsland an der Ukrain als Gewënnerland 2022 symboliséieren. De Message: d'Kraaft vun der Musek soll d'Mënschen op der ganzer Welt zesummebréngen. D'EBU huet matgedeelt, dass dëse Message weiderhi wäert benotzt ginn, dorop hätt sech den ESC Reference Group gëeenegt als Deel vun enger globaler Strategie. De Slogan setzt kloer op Kontinuitéit, et hätt ee bei dësem Message endlech d'Gefill, dass domat all d'Wäerter vum ESC verkierpert ginn.

Eurovision Pre-Partyen

Si sinn eng gutt Geleeënheet fir all Land, déi jeeweileg Kënschtler oder Lidder schonn am Virfeld vun den offiziellen ESC-Datumer den Hype sou richteg opliewen ze loossen. Fir vill ESC-Fans ass et de "Must-Go"-Event vum Joer.

E puer Länner hunn hir Showe scho confirméiert, dorënner zum Beispill "Israel Calling" den 11. Abrëll zu Tel Aviv oder nach den Traditiounsdatum "Eurovision in Concert" den 13. Abrëll zu Amsterdam. Dräi Deeg laang heescht a Spuenien "PrePartyES" an dat op verschiddene Plazen. Confirméiert ass eng PreParty zu Madrid vum 28. bis den 30. Mäerz an zu Barcelona vum 4. bis de 6. Abrëll.

Och London ass nees mat dobäi. D'"London Eurovision Party" ass de 7. Abrëll a scho komplett sold out. An natierlech dierf och Schweden net feelen als Ausdroungsland. Am Oktober gouf de 14. Abrëll als Datum vun der "Nordic Eurovision Party" zu Stockholm annoncéiert.

Déi Responsabel fir den ESC a Schweden

Sou wéi Lëtzebuerg léiwer op en internationale Jury fir de Virentscheed vu senge Kandidate gesat huet, sou setzt och Schweden op en Organisatiounsteam mat enger immens grousser Erfarung.

Mëtt Juni hat de Sender SVT bekannt ginn, dass d'Haaptpersoun, respektiv d'ausféierend Produzentin fir de Concours d'Ebba Adielsson ass.

D'Christel Tholse Willers ass verantwortlech fir Kommunikatioun, Press a Marketing, eng Positioun, déi si scho fir den ESC 2013 zu Malmö hat.

Den Tobias Åberg ass fir déi komplett technesch Produktioun responsabel a war och schonn zu Malmö an 2016 zu Stockholm mat dobäi. Als Produktiounschef oder nach techneschen Expert war hien awer scho bei villen aneren ESC-Produktioune mat um Start, zulescht och nach zu Liverpool fir d'BBC.

Da wier nach de Johan Bernhagen. Hien ass zesumme mam Tobias Åberg fir d'Finanzen an déi ganz technesch Produktioun zoustänneg Hie war beim ESC 2016 zesumme mam Martin Österdahl ausféierende Produzent an 2013 och Produktiounschef zu Malmö.

Zanter Mëtt September goufen dunn nach de Christer Björkman als Produzent vum Gesamtconcours an de Per Blankens als TV-Produzent mat u Bord geholl.

Nei Voting-Reegelen

Zanter 2023 gëlle fir den Eurovision Song Contest nei Voting-Reegelen. Elo kënnen och déi Fans ofstëmmen, och wann hiert Land net beim ESC dobäi ass. Dës Ofstëmmung leeft an deene Länner iwwer en Online-Voting, deen ee bezuele muss. Bei deem Voting gëtt dann alles zesummegerechent als "Rest of the World" an zielt sou vill wéi de Voting vum Land, dat matmécht. Doriwwer eraus gëtt et kee Jury méi an den Halleffinallen, déi elo per Telefon-Voting decidéiert gëtt - 10 aus der éischter Halleffinall an nach emol 10 aus der Zweeter.

Iwwregens war Lëtzebuerg 2023 bei de "Rest of the World"-Länner ënnert den Top-10-Länner mat der Unzuel u Votes, déi gezielt goufen.

Zu de Changementer koum et, nodeems den norwegesche Sender NRK beim EBU eng méiglech Reform vum Jury-Voting an d'Spill bruecht hat. Hannergrond sinn Diskussiounen doriwwer, dass de Finn Käärijä trotz sengem enorme Virsprong beim Tëlee-Voting vun 142 Punkte géintiwwer dem Loreen gewonnen huet. Duerch de Voting vun der Jury koum et zur Victoire vun der Schweedin.