8 Sängerinnen a Sänger kréien de 27. Januar an der Rockhal d'Chance sech fir den Eurovision Song Contest zu Malmö ze qualifizéieren.

Et war eng Noriicht, déi déi 8 Kandidate fir d'Lëtzebuerger Finall fir den ESC gespaant erwaart hunn. Nodeems si hir Lidder virun der internationaler Jury virgedroen haten, konnte si just nach hoffen, dass si genuch iwwerzeegt hunn, fir ënnert de ronn 50 Konkurrenten erauszestiechen. Wärend si op ee Mail, en SMS oder en Uruff gewaart hunn, hat eis RTL Magazin-Ekipp ganz aneres vir an huet sech déi eng oder aner afale gelooss, fir si mat der gudder Noriicht ze iwwerraschen.

"Du bass an der Finall!"
Sou goufen d'ESC-Finalisten iwwerrascht - Deel 2

Mat dobäi sinn: De Joel Marques, Naomi Ayé, EDSUN, Krick, One Last Time, TALI, Angy & Rafa Ela an den CHAiLD.

"Du bass an der Finall!"
Sou goufen d'ESC-Finalisten iwwerrascht - Deel 3

Weider Detailer zu de Kandidatinnen a Kandidaten fënnt een hei.