Angy & Rafa Ela, CHAiLD, Edsun, Joel Marques, Krick, Naomi Ayé, One Last Time an TALI, esou heeschen d'Finalisten. Bis ewell waren hir Lidder nach geheim.

De 27. Januar kënnt ëmmer méi no an déi Aacht dierften esou lues ufänken, méi nervös ze ginn. Deen Dag ass d'Liveshow an der Rockhal, wou si hir Lidder fir den Eurovision Song Contest presentéieren.

Bei eis krut Dir en Dënschdeg de Moien e Virgeschmaach, wat Iech an der Rockhal erwaart. An einfach gëtt et net. Vu Pop, Rock, bis hin zu doucen Téin, fir all Goût ass eppes dobäi.

RTL

Musek a Lyrics komme vum Angy Sciacqua selwer, an Zesummenaarbecht mam Martin Kleveland a Siv Marit Egseth. D'Finalistin vun The Voice Belgique vun 2017 huet 39 Joer a schafft och als Sängerin a Songwriterin. The Voice war awer net déi eenzeg Show, bei där d'Angy matgemaach huet. D'Angy wäert de 27. Januar och net eleng op der Rockhal-Bün stoen, ma zesumme mam Rafaela Teixeira Fernandes, enger Employée vu 26 Joer. Och d'Rafaela huet genuch Erfarung an der Museksbranche gesammelt a war 2016 Gewënnerin vu Luxembourg's Next Popstar souwéi 2018 bei Top Voice Luxembourg.

Produzéiert gouf dat gemeinsaamt Lidd vum Martin K, engem bekannte Museksproduzent an DJ, dee scho fir de Lionel Richie, Jessie J oder nach Sophie Ellis-Bextor geschafft huet.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive & Financial Producer: Angy Sciacqua, Daniele Bognanno, Clicklab
  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

Den Adriano Lopes Da Silva huet 25 Joer an ass Sänger a Songwriter. Hien huet mat 6 Joer ugefaangen, Musek ze maachen an ass zanter 2019 als CHAiLD aktiv. D'Musek an de Piano waren deemno ganz fréi seng Passioun a sinn et bis haut. Antëscht ass hien en etabléierte Museker net just hei am Land, mä och do, wou hie wunnt an als Elektro-Pop-Kënschtler schafft, zu Bréissel. Am Abrëll 2023 koum no enger ganzer Rëtsch Singelen seng éischt EP Urgent Care eraus.

Musek a Lyrics vu sengem Lidd komme vum Jimmy Jansson, Thomas G:son a Peter Boström, déi et och produzéiert hunn an am Background héiert een d'Stëmme vum Greg Curtis an Anna Sahlene. Publizéiert gouf "Hold On" vu Warner Chappell Music Scandinavia, G2 Publishing/Warner Chappell Scandinavia souwéi Peermusic.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

Den 33 Joer alen Edson Pires Domingos ass ënnert deem Numm net direkt jidderengem e Begrëff, ma säi Kënschtlernumm wuel awer. De Beruffsmuseker huet ganz fréi d'Danze fir sech entdeckt, spéider am Lycée huet hien dunn ugefaangen, seng eege Musek ze schreiwen an och ze produzéieren. Säi musikalesche Repertoire ass deemno och gutt gefëllt.

Seng éischt EP koum 2015 eraus, vun där d'Singelen "No Compliments" an "No Flashing Lights" ausgekoppelt goufen. Ee Joer méi spéit koum d'Lidd "Apologee", fir dat hien zesumme mam Lëtzebuerger Dänzer Isaiah Wilson e Museksvideo gedréint huet a fir dee si bei de Luxembourg's Video Clip Awards als bescht nei Regisseuren ausgezeechent goufen. 2018 koum seng zweet EP "You Are Not Just One Thing" eraus an am selwechte Joer gouf den Edsun bei de Luxembourg Music Awards als Kënschtler vum Joer geéiert. Dëst Joer goufen nach zwou nei Singele verëffentlecht, Just Text a Carter.

Et ass also och net verwonnerlech, dass säi Lidd fir de Luxembourg Song Contest, respektiv den Eurovision, zesumme mam Sergio Manique a Jana Bahrich, vun him selwer staamt. Am Background kann een nach d'Stëmme vum Jana Bahrich, Lucas Herweg a Luka Tonnar eraushéieren. Zoustänneg fir de sougenannte Mix & Mastered ass de Sassá Nascimento.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

De 26 Joer ale Joel Marques huet viru senger Karriär als Sänger als Educateur geschafft. Ma spéitstens no de Standing Ovations vun der Jury an dem Public bei The Voice 2023, wou hie bis an d'Halleffinall komm ass, war kloer, dass et op e musikalesche Wee geet. Am Dezember d'lescht Joer koum seng éischt Single "Stranger" eraus.

Säi Lidd "Believer" staamt aus der Fieder, respektiv gouf zesummegestallt vum Marvin Dupré, Clément Mouillard a Brice Lebel. Produzéiert gouf et vun Noroy.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

D'Christine Heitz huet 26 Joer a schafft als Infirmière. Op der Aarbechtsplaz gouf si jo vun der RTL Magazin-Ekipp iwwerrascht. D'Krick ass an enger musikalescher Famill grouss ginn, ma déi éischt musikalesch Schrëtt huet d'Krick 2014 mat der Grënnung vun der Coverband The Daydreamer gemaach. Dat selwecht Joer gouf si nach vun der Northern Big Band fir e puer Titelen op hire Concerten engagéiert, mat deem si vill Succès haten. Do huet d'Krick och hir Léift zu méi groovy Rhythmen entdeckt. No der Participatioun bei The Voice of Germany 2017, wou et  bis bei d'Sing-Offs gaangen ass, koum 2018 déi éischt Single "Fake Cake" eraus.

D'Ballad "Drowning In The Rain" gouf produzéiert vum Tom Oehler an Andreas Stone Johansson, vun deenen, nieft nach dem Elsa Søllesvik, och Musek a Lyrics stamen.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

Mat senge 15 Joer ass d'Naomi Ayé Vajdovics Suárez dat Jéngst vun den aacht Finalisten, mat nawell net manner Erfarung wéi d'Konkurrenten. Mat just siwe Joer konnt d'Naomi scho sangen a gläichzäiteg Piano spillen. Hiert ongewéinlecht Talent huet sech nach weider entwéckelt, well an deem Alter koumen och éischt eege musikalesch Kompositiounen. 2020 war déi jonk Studentin bei der 7. Staffel The Voice Kids a Frankräich bis an d'Finall komm, dat mat hirer Interpretatioun vum Queen-Song Bohemian Rapsody. Am Februar 2022 gouf de Clip "Turn My Back On Light" verëffentlecht.

Zoustänneg fir Musek a Lyrics vum Lidd "Paumée sur terre" sinn d'Manon Romiti, an de Silvio Lisbonne souwéi den Eddy Pradelles, deen d'Lidd zesumme mam Silvio Lisbonne och produzéiert huet.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

D'Alternativ-Rock-Pop-Band besteet aus fënnef Memberen: dem Lead Singer Andrea Galleti (30 Joer), dem Jonathan Fersino (31 Joer) um Bass, um Keyboard d'Barbara Salvi (26 Joer), dem Tom Sagramola (34 Joer) op der Gittar an dem Alessandro Sorbelli (24 Joer) op den Drums. 2022 koum hir éischt komplett EP op de Maart.

Detailer zum Song:

  • Music & Lyrics: Jonas Holteberg Jensen, Albin Fredy Ljungqvist, Bruce R. F. Smith
  • Produced and Mixed By Jonas JensenGuitars, Keyboards: Jonas H. Jensen
  • Lead vocals: Andrea Galleti
  • Backing Vocals: Albin Ljungqvi
  • Original Song A&R'd by Imad Eljattari and Greig Watts
  • Published by DWB Music, LinkinTrax, The Woods Publishing

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

RTL

D'Tali Golergant huet 23 Joer. Aktuell wunnt déi jonk Performerin zu New York, wou si mat der eegener Museksgrupp ënnerwee ass. Mat just 16 Joer huet d'Tali hir eegen Debutsingle geschriwwen.
Musek vun hirem Lidd "Fighter" kënnt vun Dardust, Manon Romiti an Ana Zimmer. Béid leschtgenannt waren zesumme mam Silvio Lisbonne och zoustänneg fir d'Lyrics. Dardust an de Silvio Lisbonne hu "Fighter" produzéiert.

Aner Detailer zum Song:

  • Executive Producer: Tali Eshkoli
  • Head of Production: Shai Barak
  • Lyrics Videoclip by Avoxvision

Ëmfro