Aacht Acts stinn de 27. Januar op der Bün an der Escher Rockhal. De Gewënner trëtt am Mee um Eurovision Song Contest op.

All Dag stelle mer Iech ee vun den aacht Finaliste fir. Mir ware si besichen a wollte wëssen, wéi si un d'Musek komm sinn, wat si gepräägt huet a wéi si sech virstellen, wéi et weidergeet.

D'Tali am Portrait

D'Aarbecht zu New York opginn, fir beim LSC matzemaachen.

D'Tali Golergant ass am Alter vun 10 Joer op Lëtzebuerg komm an dunn an d'International School gaangen. Déi éischt Jore vun hirem Liewen huet d'Tali a Südamerika gelieft an huet mat 6 Joer déi éischte Kéier Pianoscoursë kritt. Am Grand-Duché ass et weidergaange mat Solfège an Danzcoursen, ma fir ze studéieren, huet et dat jonkt Talent op New York op de Marymount Manhattan College gezunn.

D'Tali huet Musical Theater studéiert a krut 2023 hiren Diplom. D'Sängerin wunnt a schafft am Big Apple, mee fir beim Luxembourg Song Contest dobäi ze sinn, huet si hir Aarbecht als Gesangsproff an Nanny opginn an ass Ufank Dezember zeréck op Lëtzebuerg komm. De Grand-Duché op der Eurovisioun ze vertrieden, wier en Dram.

De Joel Marques am Portrait

Aus dem Minett bis op Malmö, hie wëll vu senger Musek liewe kënnen.

Den Ufank huet hie mat klengen Optrëtter an engem Café gemaach. Lescht Joer goung et dunn op d'Bün vun The Voice of Germany, wou hien et bis an d'Halleffinall gepackt huet. Am Dezember ass dunn seng éischt Single Stranger erauskomm.

De 25 Joer alen Déifferdenger huet esouguer seng Aarbecht als Remplaçant an enger Maison relais un den Nol gehaangen, fir sech elo voll a ganz op d'Musek ze konzentréieren. Hie misst net onbedéngt e Star ginn, ma säi groussen Dram ass et, vun der Musek liewen ze kënnen.

Am Reportage léiere mir seng dräi Schwëstere kennen, besichen hien am Studio a mir ginn op déi Plaz, wou hien déi éischte Kéier virun engem Public gesongen huet.

Angy & Rafa Ela am Portrait

Aus zwee Frieme goufe Frëndinnen.

D'Angy ass vu sengem Mann beim Contest ugemellt gi mam Lidd Drop. Dat huet d'Sängerin selwer geschriwwen, am Laf vum Concours ass dunn eng zweet Sängerin gesicht ginn a mam Rafaela hätt et vun Ufank u gematcht. Esou koum et, dass si elo zesummen op der Bün an der Finall, de 27. Januar an der Rockhal, stinn.

D'Angy war 2013 an der Finall vun The Voice Belgique a schafft zanterdeem als professionell Sängerin, schreift Lidder an ass och Vocal Coach. Si kënnt aus enger musikalescher Famill, schonn hir Mamm war Sängerin.

D'Rafaela séngt zwar net haaptberufflech, mee huet reegelméisseg Optrëtter an enger Stater Disko an op Hochzäiten. 2016 huet si bei Luxembourg Next Popstar gewonnen an 2018 war et Top Voice Luxembourg.

Mir hunn déi zwee bei der Aarbecht besicht an hu beim Angy doheem an der Belsch erageluusst, wou d'Lidd Drop entstanen ass.

One Last Time am Portrait

One Last Time sou heescht d'Band ronderëm den Andrea Galleti.

Mat him maachen d'Barbara, den Tom, de Jona an de Lalo Musek. Forméiert hu si sech 2021. Si sinn déi eenzeg Band, déi et an d'Finall de 27. Januar an der Rockhal gepackt huet an d'Bandmembere sinn och esou richteg am LSC-Féiwer.

Fir Frënn a Bekannte schonn e klengen Avant-goût op hir Show ze ginn, hu si op e Garage-Concert invitéiert. Hei hu si an engem ganz klenge Kader a bei gudder Stëmmung e puer vun hire Lidder zum Beschte ginn.

Den Andrea Galleti huet schonn a jonkem Alter mat der Musek ugefaangen an huet op italieenesche Concoursen oder a sëllege Bands matgespillt. Eng vu senge Bands ass Diario, mat där hien ënnert anerem bei Silbermond als Virgrupp opgetrueden ass. Am Reportage besiche mir awer och d'Barbara Salvio op hirer Aarbechtsplaz. D'Barbara ass Franséischproff am Lycée Aline Mayrisch a spillt bei One Last Time um Keyboard.

D'Krick am Portrait

E Familljemënsch, dee vun der grousser Bün dreemt.

D'Christine Heitz huet 26 Joer a mécht ënnert dem Kënschtlernumm "Krick" eege Musek. Zu senge gréisste musikaleschen Erfolleger gehéiere sécherlech d'Participatioun bei The Voice of Germany, wou d'Sängerin dräi Ronne virukomm ass an och d'Single "Fake Cake", déi 2018 erauskoum. Duerno war et awer relativ roueg ëm d'Infirmière.

Elo ass si zeréck op der grousser Bün a wëll beim Luxembourg Song Contest alles ginn. Mir hunn d'Sängerin zu Clierf besicht, wou si en Appartement kaf huet an amgaangen ass, alles ze renovéieren. D'Krick ass an zwou Museken als Sängerin aktiv an am Reportage hëlt si eis mat an eng vun de Prouwen. An der Famill spillt iwwregens jiddereen en Instrument, d'Krick spillt ënner anerem Piano an Trompett.

D'Krick ass e richtege Familljemënsch, huet dräi Schwësteren an eng weider grouss Ënnerstëtzung si seng bescht Frëndinnen Lisi a Vanessa. Si sinn natierlech och beim Luxembourg Song Contest dobäi an hunn zum Deel souguer hir Vakanz extra dofir annuléiert.

Naomi Ayé am Portrait

Musek a Physik studéieren a Filmmusek komponéieren, dat ass säin Dram.

D'Naomi Ayé kritt Enn Januar 16 Joer an ass domat déi jéngste Kandidatin vum Luxembourg Song Contest. Erfarung op Bünen an der Musekswelt konnt déi jonk Musekerin scho fréi sammelen. Am Alter vu siwe Joer huet d'Naomi mat Museks- a Gesangscoursen am Stater Conservatoire ugefaangen an et ass och do, wou et déi éischte Kéier op enger Bün stoung.

2020 huet d'Naomi et bis an d'Final vun The Voice Kids a Frankräich gepackt an 2021 stoung et op der Bün vun der Global Teachers Award Ceremony, dat am Unesco-Headquarter zu Paräis.

Selwer Lidder komponéieren ass eng aner Passioun vum Naomi. Erfolleg huet et domadder och schonn. Seng Kompositioun "Constance" war d'Lidd fir eng Lëtzebuerger Pub. Dat net fir iergendee klenge Client, mee fir d'Post. Säi Virbild ass den Hans Zimmer an nom Lycée, wëll d'Schülerin aus der Europaschoul, Musek a Physik studéiere goen.

CHAiLD am Portrait

De Piano ass en Deel vu senger Karriär, ma u sech wollt hien Trompette spillen.

De 25 Joer alen Adriano Lopes Da Silva huet 2019 ugefaangen als "CHAiLD" Musek ze maachen. Ënnert senge bekanntste Lidder si Radio, Ocean Boy oder och Sick Water, wat a Kollaboratioun mat sengem beschte Kolleeg Maz Univerze entstanen ass. Am Abrëll 2023 huet hien, no enger ganzer Rëtsch Singelen, seng éischt EP mam Titel Urgent Care a säi Repertoire bäigesat.

Bekannt fir säi Pop-eegene Stil a staark Stëmm, an de Piano dierf a senger Musek och ni feelen, ass den CHAiLD ee vun den aacht Kandidaten, déi Lëtzebuerg wëllen zu Malmö vertrieden. A senger Home Story léisst den CHAiLD eis bei sech Doheem eran a gëtt eis net nëmmen en Abléck a säi Liewen als haaptberuffleche Museker, mä hëlt eis och mat bei déi Leit, déi säi privat a professionellt Liewen dagdeeglech influenzéieren.

Edsun am Portrait

Zanter ronn fënnef Joer lieft hie vu senger Musek.

Den Edsun ass e Vollblutt-Museker an ee vun de Kandidate vum Luxembourg Song Contest. Schonn als Kand huet hien am Café vu sengen Eltere gedanzt, spéider koum dunn och de Gesang dobäi. Wann hie mol eng Kéier net mat Musek oder Danze beschäftegt ass, mécht hie gär Yoga oder verbréngt Zäit mat senge Frënn, déi hien als ganz léiwen, witzegen an talentéierte Mënsch beschreiwen, deen ëmmer vill schafft. De Wee an d'musikalesch Karriär war awer net ëmmer einfach, hie war a senger Schoulzäit Affer vu Mobbing.

Wou hie sech ëmmer wuelgefillt huet, war am Stater Conservatoire, wou hie bis 2012 Jazz gedanzt huet. Eis Ekipp huet hien dohi begleet, wou hie no enger ganzer Rei Jore seng Danzproff erëmgesinn huet. Donieft erzielt hien eis, wéi seng Lidder am Museksstudio entstinn. An Cube1535 zu Déifferdeng ass hien de Gros vu senger Zäit, do huet de Musekslabel, wou hien ënnert Kontrakt steet, säi Sëtz.