Zanter en Dënschdeg sinn d'Lidder vun den 8 Finaliste fir de Luxembourg Song Contest offiziell gewosst.

Lo geet et natierlech drëm, dass hir Lidder och iwwerall kënnen a solle gelauschtert ginn. An et steet vill um Spill, d'Finaliste mussen net just de 27. Januar an der Rockhal an der Liveshow géinteneen untrieden, de Gewënner muss sech nach um Eurovison Song Contest zu Malmö a Schweden duerchsetzen. An do geet et fir eist Land drëm, fir sech no 30 Joer Absence ze behaapten a wie weess, den Titel mat Heem ze bréngen.

Et gëllt also, wat méi visibel, wat méi Chancen! Zanter en Dënschdeg sinn d'Song-Texter bekannt, déi och zanterdeem op RTL Play ze fanne sinn.

Ma och op YouTube kann een d'Song-Texter ofruffen.

Zu gudder Lescht ass dann och nach eng Playlist op Spotify disponibel. Do fënnt een iwwregens och e Podcast  - Luxembourg's Green Room - op Englesch.