Hannert de grousse Lidder vum Eurovision Song Contest stiechen dacks kleng Geschichten, déi ee sou net erwaart hätt.
An dëser Serie kucke mer hanner d'Kulisse vum grousse Museksevent an hu geckeg Geschichten entdeckt: iwwer Stroumausfäll; enger Gewënnerin, déi eng op de Bak krut; e Gewënner, deen aus der Show rausgeschnidde gouf a vill aner kuriéis Geschichten.
Mir huelen Iech mat zeréck bis an d'Joer 1962.
E Bing Bang vum "Bing Bong"
E Réckbléck op e Grënnungsmoment vum Song Contest, et kéint ee scho bal vun Urknall schwätzen.
Mir schreiwen d'Joer 1961. Frankräich gëtt dat Joer vum Jean-Paul Mauric vertrueden. Den Auteur vu sengem Lidd "Printemps, avril carillone", de Guy Favereu, war wuel textuell net sou inspiréiert an decidéiert sech ganz einfach fir "Bing a Bong a Bing a Bong". Deemools wousst hien et nach net, ma domat hat hien e Muster kreéiert, dat spéider e Standard bei den Eurovisounslidder gouf.
Bei den Englänner, respektiv no enger Parodie vu Monty Phyton", ass de Phenomen mat "Bing Tiddle Tiddle Bong" weidergaangen. 1962 huet de Ronnie Carroll een drop gesat mat sengem "Ring-a-ding Girl". Dono war keen Hale méi an et gouf ëmmer nees änlech kopéiert. 1969 huet d'Englännerin Lulu mat "Boom bang-a-Gang" gewonnen. E Lidd, méi beléift wéi dem Bernie Taupin an Elton John hiren Titel "I Can't Go On Living Without You". Do huet sécher de "Bang" gefeelt, ma d'Bing-Bong-Ära geet 1984 mam Lidd "Diggi-loo Diggy-ley" vun den Herreys op en Enn.
En äiskale "Papa Pingouin"
Eng Geschicht esou traureg, wéi d'Schmëlze vum Äis.
Mir sinn am Joer 1980. D'Sophie an d'Magaly hu mat hirem Lidd "Papa Pingouin" frësche Wand an den internationale Song Contest bruecht. D'Zwillinge representéiere Lëtzebuerg bei der Eurovisioun dat Joer a kommen op eng bescheiden 9. Plaz.
Trotz dëser Plaz, d'Single koum gutt un a gouf iwwer eng Millioune Mol verkaaft. Ma et ass hiren eegene "Papa", deen déi 16 Joer jonk Zwillinge quasi eidel ausgoe léisst. De Kontrakt mam Ralph Siegel ass net ganz zum Virdeel vun de jonke Sängerinnen. Si kruten ëmgerechent deemools just 800 Euro op de Kapp, eng miserabel Gage. Domat net genuch, eng Musekskarriär pake si dono och net, gi gläichzäiteg schwanger a souguer vun hire Partnere verlooss. Nach méi traureg ass do nach, dass d'Magaly vun hirem fréiere Partner mat Aids ugestach gouf. Si ass 1996 gestuerwen. Déi aner Schwëster krut dono Depressiounen a stierft 2019.
Israel am Montage erausgeschnidden?
Eng Editioun mat geopolitesche Konsequenzen.
1987 huet Frankräich den ESC organiséiert, mat dobäi Israel als Member vun der Europäescher Rundfunkunioun. Eng éischte Kéier ass de Concours och a Jordanien live iwwerdroe ginn, e Land, dat net onbedéngt fir säin Nopeschland géing stëmmen.
An effektiv, amplaz den israeeleschen Interpret Izhar Cohen ze weisen, huet déi jordanesch Tëleeschaîne Ouschterblumme gewisen. Ëmsou méi grouss war e Schreck, wéi Israel dono mat 157 Punkte gewonnen huet. Dono gouf et sécher méi wéi ee Bouquet Blummen. Vu Jordanien gouf et Fake News, si hu ganz einfach behaapt, d'Belsch hätt gewonnen. De Jean Vallée gouf allerdéngs just deen Zweeten.
Eng op de Bak fir d'France Gall
Eng Victoire, mä zu wat fir engem Präis.
Mir kucken zeréck bei d'Gewënnerin vun 1965, d'France Gall. Hire "Poupée de cire, poupée de son", e Lidd am Kavallerie-Rhythmus, war ganz ongewéinlech fir dës Zäit. De Museker vum Orchester huet d'Lidd guer net gefall an et koum zum Eclat. Mam Serge Gainsbourg, den Auteur vum Lidd, kënnt et zum Sträit. Trotz allem gewënnt d'France Gall fir Lëtzebuerg a begeeschtert Europa. Ëmmerhin, et gëtt den éischten internationale Succès vun der Eurovisioun. E Succès mat Péng fir déi deemools 18 Joer jonk Sängerin.
Fir d'éischt hunn d'Museker boykottéiert an hu si ausgebuht. Domat net genuch, no hirem Optrëtt huet hiren deemolege Frënd, de Star Claude François si iwwer Telefon verlooss. De Grond, si hätt a sengen Ae falsch gesongen. D'Tréinen um zweeten Optrëtt op deem Owend waren deemno méi wéi echt.
Réckbléck op en däischteren Episod vum Concours
Eurovisioun heescht automatesch vill Luuchten. Ausser, wa se ausginn.
Mir sinn am Joer 1962: fir déi éischte Kéier gëtt de Concours hei zu Lëtzebuerg an der Villa Louvigny organiséiert. Dausende vu Luuchte bréngen de ganze Sall zum Blénken, op d'mannst emol am Ufank vum Owend. Lëtzebuerg wëll sech vu senger beschter Säit weisen, mä de glamouréisen Owend bréngt e puer Probleemer mat sech. Verschidde Stroumausfäll hunn nämlech Diffusioun vun der Sendung gestéiert an dat méi wéi eemol.