Mol keng Woch méi, dann ass et souwäit. Da stinn déi 8 Finaliste vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal a kämpfen ëm d'Lëtzebuerger Plaz beim Eurovision.

Aacht Finalisten, e Contest, eng Bün... do feelt awer nach eppes ganz Wesentleches. Eppes oder besser gesot een, dee bei esou Projeten natierlech méi wéi wichteg ass. Wie mécht d'Moderatioun? D'Moderatore begleeden net just de Public an der Rockhal duerch den Owend, ma och d'Leit doheem bei den Ecranen.

An et si keng onbekannt Personnagen.

Et ass net vun ongeféier, dass grad eng bekannte Lëtzebuerger Actrice d'Finall vum Luxembourg Song Contest wäert moderéieren. Mat knappen 12 Joer war si eng éischte Kéier op RTL Radio ze héieren, mat 14 Joer stoung si an Däitschland virun der Kamera. De groussen Duerchbroch koum am Joer 1984 als Host beim Grand Prix Eurovision de la chanson am Groussen Theater.

Quasi iwwer Nuecht huet dës Moderatioun d'Désirée Nosbusch europawäit berüümt gemaach, iwwer 500 Millioune Mënsche weltwäit hunn hir Presentatioun mat Begeeschterung gekuckt. An iwwer 60 internationale Filmer huet déi präisgekréinten Actrice antëscht matgewierkt a steet zanter weidere Etüden 2003 och als Realisatrice hannert der Kamera.

D'Désirée Nosbusch 1984 am Groussen Theater
Viru 40 Joer huet d'Lëtzebuerger Actrice de Grand Prix Eurovision de la chanson moderéiert.

De Wee féiert si dann lo nees zeréck op eng Lëtzebuerger Bün. Do wierkt ganz sécher och eng gewëssen Nostalgie mat, wa si deemno dëse Samschdeg am Mëttelpunkt an der Rockhal wäert stoen, nieft den aacht Finalisten natierlech.

D'Co-Moderatoren

RTL

Wien och eng gréisser Roll bei Concourse wéi dem Eurovision spillt, dat sinn Influencer. A wie kéint hei am Land do besser a Fro kommen als Co-Moderatrice wéi d'Melody Funck. Si ass bekannt fir hir extravagant Presenz an dat a glamouréise faarwegen Outfits.

Als Influencerin presentéiert d'Melody Funck meeschtens laang Oweskleeder, huet och selwer schonn eng Show moderéiert, d'Spill "Qui sera le dernier", doriwwer hat si eis am Interview an der Emissioun "Live! Planet People" erzielt. An der Coronazäit ass d'Influencerin dann och op de soziale Medien immens aktiv ginn an huet bal eng Millioun Follower op TikTok, 220.000 op Instagram an nach emol iwwer 100.000 op YouTube.

RTL

Mat RTL Lëtzebuerg als Sender fir den Eurovision, respektiv de Luxembourg Song Contest, stoung dann och d'Fro am Raum, wien d'männlech Co-Moderatioun mécht. Bekannt si si schonn eleng duerch hir Presenz op den RTL-Plattformen, ma spéitstens zanter der Emissioun "Ausgesat" ass dësen Duo dës Kéier dann net géinteneen, mä zesumme quasi net ze toppen. Mam Raoul Roos a Loïc Juchem kann ee sécher sinn, dass d'Finall e Samschdeg och net langweileg gëtt.

De Luxembourg Song Contest e Samschdeg den Owend 27. Januar um 20 Auer live iwwerdroen an dat op all den RTL-Plattformen an allen dräi Sproochen. Bei de Kolleege vun RTL Infos kommentéieren deemno de Jérôme Didelot zesumme mam Violetta Caldarelli an beim RTL Today ass et den Dammen-Duo Melissa Dalton a Sarah Tapp.