De Countdown fir déi grouss Show an der Rockhal leeft. E Samschdeg decidéiert sech beim Luxembourg Song Contest, wien als grousse Gewënner vun der nationaler Virentscheedung ervirgeet.

An domat den éischte Lëtzebuerger Vertrieder beim Eurovision Song Contest zu Malmö no 31 Joer Abstinenz gëtt.

Wie stëmmt of?

De Voting beim Luxembourg Song Contest ass genee wéi beim Eurovision Song Contest. 50 Prozent komme vun engem Jury an déi aner 50 Prozent vum Public.

De Jury ass aus 8 Länner zesummegesat, all Land huet 5 Jurysmemberen. De Vott vun dësem internationale Jury ass d'Hallschent vun der Gesamtwäertung.

De Public ass da fir déi aner Hallschent vun der Gesamtwäertung zoustänneg. Béid Resultater ginn zesummegerechent an dat Lidd, dat déi meeschte Punkte kritt, gewënnt de gëllenen Ticket fir op Malmö ze fléien.

Wéi a wéini gëtt ofgestëmmt?

Op der offizieller Internetsäit vun RTL, wou der déi grouss Show aus der Rockhal och live kënnt suivéieren, gëtt e Samschdeg den Owend en direkte Link ugewisen, deen een op d'Internetsäit verweist, op där ofgestëmmt gëtt. Gewielt gëtt an enger Zäitfënster vun 2 Mol 15 Minutte (minimum) wärend dem Luxembourg Song Contest. Dës zwou Zäitfënsteren, zwou Ronnen, gi vun de Moderatore wärend der Liveshow ugekënnegt.

Allgemeng Konditiounen

Matstëmme kann ee vu Lëtzebuerg aus, awer och aus dem Ausland. Eng Stëmm, respektiv e Vott, kascht 0,99 Euro. Dofir muss de Wieler am Besëtz vun enger valabeler Kreditkaart sinn. Pro registéiert Kreditkaart, dierf ee pro Ronn 20 Mol ofstëmmen, entweder 20 Mol fir ee Lidd oder 20 Mol eenzel Lidder pro Ronn.

Beispill: Dir vote an der éischter Ronn 20 Mol fir Äre Favorit a soubal déi zweet Voting-Ronn opgeet, kënnt Dir op en Neits 20 Mol mat ofstëmmen.