De Luxembourg Song Contest verbënnt net just Musek, Gesang an Danz, mä vun elo un och Bingo.

Egal ob eleng, mat der Famill oder ënner Frënn, wann Dir e Samschdeg d'Liveshow an der Rockhal kuckt, kënnt Dir och Bingo spillen.

Alles wat ee brauch, ass e Printer, e Stëft an e gutt A oder Ouer. Vläicht kann och e bëssen Enthusiasmus net schueden, ëmmerhin ass dëse Concours bekannt fir seng Extravaganz, Onberechenbarkeet, Kitsch an natierlech Outfits.

Ob dat och bei den aacht Finalisten - Edsun, Angy & Rafa Ela, CHAiLD, Krick, Tali, Joel Marques, One Last Time an Naomi Ayé - esou ass? Dovu si mer iwwerzeegt.

Wuel oder Iwwel musse mer eis e Samschdeg iwwerrasche loossen a bis dohi gëtt Är Gedold nach e wéineg op d'Prouf gestallt. Fir d'Waardezäit ze verschéineren, gëtt et lo e Bingo-Spill, ugehaucht am Sënn vum Luxembourg Song Contest. An et muss ee schonn e bëssen oppassen, fir mol net dat klengsten Aeklimperen z'iwwersinn.

Wichteg ass, soubal Dir en Element op Ärer Bingokaart entdeckt, dierft Dir et ofhaken. Wéi beim klassesche Bingo huet um Enn dee gewonnen, deen hannerteneen eng Rei Këschten ugekräizt huet, entweder horizontal oder vertikal (net diagonal).

Gëtt et eppes ze gewannen? Jein... hei steet virun allem de Spaass am Vierdergrond. Wien dat Ganzt awer lo wëll oppeppen, ka sech natierlech och Präisser a senger Spiller-Ronn oder sech eng Spiicht fir d'Verléierer afale loossen.

Wéi kommen ech un d'Bingo-Kaarten?

Méi einfach geet et quasi net ;) ënnert dem Bingo-Bild klickt Dir op "Download" a kommt op eng PDF-Säit. Do kënnt Dir déi zoufälleg generéiert Bingo-Kaart erausprinten.

Opgepasst: Spillt Dir zu e Puer, musst Dir virum Download d'Säit nach emol aktualiséieren an deen Ament kritt Dir eng nei Versioun vun der Bingo-Kaart. Dir wëllt jo sécher net, dass eng Säit duebel ass an Dir um Enn dowéinst verléiert.