Zanter leschter Woch gëtt an der Main Hall vun der Rockhal déi grouss Bün fir de Luxembourg Song Contest opgeriicht.

Déi lescht Preparatioune lafen deemno op Héichtouren an zwee Deeg virum Event blénkt an hummert et an allen Ecker. Iwwerall gëtt geschafft fir de groussen Dag. Wärend déi lescht Prouwe fir d'Artisten ustinn, schaffen déi technesch Ekippen dorunner, eng riseg Bün opzeriichten, un där zanter Méint geplangt gëtt.

E Samschdeg den Owend wësse mir also, wie Lëtzebuerg bei sengem Retour op den Eurovision Song Contest zu Malmö vertrëtt. Iwwer de leschte Mount hu mir iech déi verschidde Kandidate virgestallt. Nieft de Kandidate schafft awer och d'Produktiounsekipp zanter Méint aktiv um LSC-Projet. Leschte Samschdeg sinn déi éischt Camionen an de Main Hall vun der Rockhal eragefuer an d'Aarbechten un der Bün hunn offiziell ugefaangen.

An der Tëschenzäit si scho ronn 100 Presse-Akkreditatiounen erakomm. Eng 1.500 Leit wäerten dëse Weekend hir Sëtzplazen op den Tribüne fannen an, an déi verschidde Welte vun de Sänger andauche kënnen. Genau dat wéilt een nämlech mat der Bün, ma virun allem mat de Luuchten-Installatiounen an der Video-Konscht erreechen: de Public a verschidde Welten entféieren.

Fir eise Reportage hu mir en Dënschdeg a Mëttwoch d'Aarbechte souwuel un der Bün wéi och am Club Hall, wou d'SängerInne prouwen, suivéiert.

Wéi geet et déi nächst Deeg weider beim LSC?

Wat déi nächst Deeg nach um Programm steet fir déi aacht Finalisten an d'Produktiounsekippen, a wéi et nom Luxembourg Song Contest weidergeet, huet den Head of Delegation Eric Lehmann dem Loïc Juchem am Interview verroden.