Et huet gekämpft, gesongen, gedanzt, gehofft a vu Freed gekrasch.

D'TALI ass déi grouss Gewënnerin vum LSC-Owend a vertrëtt de Grand-Duché deemno am Mee um Eurovision Song Contest a Schweden a Malmö. Fir déi 23 Joer al Sängerin geet domat ee groussen Dram an Erfëllung.

TALI fiert fir Lëtzebuerg op Malmö
D'Live-Performance aus der Rockhal.

Am RTL-Interview sot d'TALI kuerz no der Show, dass et nach ëmmer net gleewe kann, wat elo geschitt ass. D'Sängerin war ganz emotional an huet kaum Wieder fonnt: "Méi ganzt d'Liewe wäert sech elo veränneren." Déi jonk Musekerin vun 23 Joer sot, et misst ee si pëtzen, dass si aus dësem Dram erwäche kéint. Elo misst een un enger EP schaffen. Dat heescht, dass d'TALI nieft sengem Song Fighter weider Lidder am Studio géif ophuelen.

Den Owend no der Liveshow géif et elo einfach nach genéissen an e bësse féieren.

Op Instagram sot d'TALI géintiwwer RTL, datt et et kaum erwaarde kann elo fir Lëtzebuerg op Malmö ze fueren.

A senger Karriär hätt et scho vill Réckschléi erlieft, esou d'Sängerin op enger Pressekonferenz direkt no der Show, ma et hätt ëmmer nees gekämpft. Elo souguer säi Liewen zu New York opgi fir un dëser Show kënnen Deel ze huelen.

Als Nanny huet et zu New York no engem Kand gekuckt, ass awer all Dag op Auditioune gaangen an huet esou säin Dram vun der Musek gelieft.

Op eng Fro, wien et dann als éischt géif uruffen oder schonn ugeruff hätt, sot et viru Journalisten, dass si haut nach guer net op den Handy gekuckt hätt, mee et elo géif sengem Frënd uruffe soubal et kéint.

"Féiss um Buedem halen"

D'Féiss um Buedem halen, wéilt d'TALI och nach elo, wou et him gelonge wier, sech fir Lëtzebuerg beim Eurovison Song Contest ze qualifizéieren. D'Victoire géif se hirem Brudder dediéieren, dee selwer Museker ass an net konnt bei der Show dobäi sinn. D'TALI huet zwee Bridder. Iwwer 13 Joer huet et zu Lëtzebuerg gelieft, ier et relativ jonk op New York geplënnert ass. Seng ganz Famill lieft an der Stad.

D'Aarbecht zu New York opginn, huet sech also gelount

D'Tali Golergant ass am Alter vun 10 Joer op Lëtzebuerg komm an dunn an d'International School gaangen. Déi éischt Jore vun hirem Liewen huet d'Tali a Südamerika gelieft an huet mat 6 Joer déi éischte Kéier Pianoscoursë kritt. Am Grand-Duché ass et weidergaange mat Solfège an Danzcoursen, ma fir ze studéieren, huet et dat jonkt Talent op New York op de Marymount Manhattan College gezunn. Do huet et Musical Theater studéiert an huet réischt 2023 hiren Diplom kritt. D'Sängerin wunnt a schafft am Big Apple, mee fir beim Luxembourg Song Contest dobäi ze sinn, huet si hir Aarbecht als Gesangsproff an Nanny opginn an ass Ufank Dezember zeréck op Lëtzebuerg komm.

Liveticker