Datt Lëtzebuerg no 30 Joer nees um Eurovision deelhëlt, dierft mëttlerweil kengem entgaange sinn.

Zanter e Samschdeg ass dann och bekannt, wien de Grand-Duché béi dësem Concours vertriede wäert. D'Decisioun ass am Kader vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal zu Esch gefall.

Dir wëllt den Owend nach emol Revue passéiere loossen? Hei fannt Dir déi ganz Emissioun am Replay.

Den Undrang an den Interessi ware grouss. Fans, Frënn, Famill a Prominenz aus dem Kultursecteur an der Politik haten e Samschdeg de Wee bis an d’Rockhal fonnt, fir um Luxembourg Song Contest deelzehuelen.

D’Kandidaten an d'Kandidatinnen hunn alles ginn an ausnamslos Performancë geliwwert, déi et all verdéngt gehat hätten, en Ticket fir op Malmö ze gewannen. Ma zum Schluss konnt et nëmmen ee ginn. Et sollt d’TALI sinn, mat hirem Lidd Fighter.

Am Mee zu Malmö geet et dann nach eng Kéier ëm alles. Ma e Samschdeg huet et op jiddefalls scho geheescht 12 Points for Luxembourg.

Show, Preshow, Aftershow, Backstage a Greenroom: All d'Fotoe vum LSC fannt Dir hei.